Laurent Menager

Vu Wikipedia
Laurent Menager
Gebuer 10. Januar 1835
Pafendall
Gestuerwen 7. Februar 1902
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Musikolog, Musekspedagog
Famill
Kanner Max Menager

De Laurent (oder Lorenz) Menager, gebuer den 10. Januar 1835 am Pafendall, gestuerwen och do de 7. Februar 1902, war e lëtzebuergesche Musekspedagog, Dirigent, Komponist an Organist.[1]

Den Nationalkomponist[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Laurent Menager den 10. Februar 1902 um Kierfecht um Sichenhaff begruewe gouf, hu 6000-7000 Leit, dorënner d'Vertrieder vu 45 Veräiner, hien um leschte Gang begleet. De Staatsminister Eyschen huet d'Grafried gehalen.[2] Am Volksbote huet de Jean-Nicolas Moes doropshi vum verstuerwenen Nationalkomponist geschriwwen.[3] Och am Noruff am Luxemburger Wort gouf him d'Recht op deen Titel zougesprach.[4]

2020 huet den Organist Francis Lucas, am Kader vun senge Recherche fir seng Dokteraarbecht, an den Archive vum Carlo Hommel e Manuskript vum Laurent Menager vun 1850 fonnt. Domat ass et dat eelsten Dokument vum Komponist, deen dëst dräistëmmegt Gesangsstéck fir e Bouwechouer am Alter vu 15 Joer geschriwwen huet[5].

Placke mam Titel Nationalkomponist fënnt een op sengem Grafmonument vun 1905 um Sichenhaff, um Gebai vum Sang a Klang an op der Fassad vun der Pafendaller Kierch.

Familljeliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. September 1863 hat de Laurent Menager sech mat der 24 Joer aler Catherine Reinartz bestuet, déi awer schonn de 25. September 1865 gestuerwen ass.

Fënnef Joer duerno den 20. Juli 1871 huet hie sech eng zweet Kéier bestuet, an zwar mat der Elisabeth Buren aus dem Pafendall. Aus deem Bestietnes koume sechs Kanner, véier Bouwen an zwee Meedercher. Den eelste vun de Jongen, de Max, huet Musek studéiert a gouf och e landbekannte Komponist an Organist.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • 1847-1854: Studium um Athenäum mat Ofschlossexamen, kritt zu gläicher Zäit Privatstonne fir Gei, Piano, Cello an Harmonie, beim Ënneroffizéier Rusche, vun der preisescher Garnisounsmusek. Hien trëtt deemools schonn als Chouerdirigent op.
  • 1855-1856: Studium op der Kölner Musekhéichschoul, beim Professer Ferdinand Hiller.
  • Hierscht 1856-1882: Hien ass mat Coursen op der Museksschoul vun der Stad Lëtzebuerg chargéiert
  • 1859-1860: De Laurent Menager geet erëm hannescht op d'Kölner Musekhéichschoul
  • No 1860: Hie fänkt seng musekpedagogesch Funktiounen zu Lëtzebuerg nees un.
  • 1861-1902: Organist an der Pafendaller Parkierch.[6]
  • 1881-1884 Museksprofesser op der Normalschoul.
  • 1889: Museksprofesser am Kolléisch.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Hymne: Wilhelmus von Nassauen. In: Hémecht, 1898, S. 464-469 (mat Nouten).
  • Über die bei der Echternacher Springprozession ausgeführte Melodie. (Mit Noten). In: Hémecht, 1901, S. 240-243.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Nom Laurent Menager genannt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1932. Livre d'or de la Société Chorale Royale Grand-Ducale Sang & Klang édité à l'occasion de son 75me anniversaire, qui aura lieu les 9, 10, 11 juillet 1932. Dréckerei Linden & Hansen, Lëtzebuerg, 111 S.
    • Kowalsky, A. Lorenz Menager. Ein Gedenkblatt zur 30. Wiederkehr seines Todestages. S. 59-66.
    • Lelièvre, Jos. Erinnerung an Lorenz Menager. S. 66. (Text a Form vun engem Gedicht).
    • Flohr, J.P. Biographie von Lorenz Menager. S. 67-71.
    • Kowalsky, A. Erinnerungen an Lorenz Menager. S. 72-75.
    • Anonym (= Batty Weber). Abreißkalender (Luxemburger Zeitung, 18. April 1918) S. 76-78.
  • Faber, W., F. Théato & J. Zuang (Koord.), 1985. Buch ouni Titel, erausgi vum Sang a Klang. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 217 S. (D'Buch ass bei Geleeënheet vum 150. Anniversaire vum Laurent Menager erauskomm, cf. S. 214. Am Buch steet awer kee Publikatiounsjoer).
    • Ensch, J. La famille Menager du Luxembourg. S. 13-37.
    • Biltgen, F.. Laurent Menager: Nationalkomponist. Eine Laurent Menager Biographie. S. 38-100.
    • Théato, F. Monument Laurent Menager. S. 101-103.
    • Hommel, C.. Apologie vum Menager. E leidenschaftleche Plaidoyer fir d'Nummer Eent. S. 104-122.
    • Hommel, C. Menager als Orgelexperte. Ein (lehrreiches) Beispiel. S. 123-126.
    • Kayser, J. Kompositioune vum Laurent Menager, am Besëtz vum Sang a Klang. S. 127-132.
    • Wingert, J. Der Schulmusiker. S. 133-166.
  • Anonym, 1985. Laurent Menager zum 150. Geburtstag. ons stad 19, S. 27. PDF
  • Blasen, Léon, 1984. Lëtzebuerger Komponisten.
  • Biltgen, François, 1985. Laurent Menager et les origines du sentiment national luxembourgeois. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. [Remarque: de Laurent Menager war den Urgrousspapp vum François Biltgen.]
  • Biltgen, François, 2002. Laurent Menager - Né et mort au Pfaffenthal. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 23 (2002), n° 4, S. 7-30, ill.
  • Hülsemann, Guillaume, 1902. Lorenz Menager: eine biographische Skizze. P. Worré-Mertens, Luxemburg. 87 p., 1 portrait. [Alphabetisches Verzeichnis der bedeutendsten Werke: pp. 83–87]
  • Lecuit, Vera, 1996. Laurent Menager, ein Luxemburger Pädagoge, Kirchenmusik-, Kammermusik- und Operetten(Singspiel)-Komponist: das Ende einer Epoche. Mémoire de fin de stage pédagogique, Luxembourg (net verëffentlecht). 196 p.,
  • Menager, Laurent, 1859. Quatuor à cordes [Musique imprimée]. Édition revue par Claude Krier. Quatuor. Violons 2, Alto, Violoncelle. Luxembourg: Bibliothèque nationale. Centre d'études et de documentation musicales (CEDOM), 1998, Luxembourg, Service central des imprimés de l'État. 1 Partition (37 p.) ; 30 cm + 4 Parties ; 30 cm. Collection Partothèque luxembourgeoise Nr. 3.
  • Théato, F., 2002. Chronique d'une société. De Pafendaller Sang & Klang. Eng grouss Säit stadlëtzebuerger Kulturgeschicht. Revue musicale, Lëtzebuerger Musekszeidong, 2002 N r. 1, S. 9-10. PDF
  • Zenner, Roby, 2002. Laurent Menager 1835-1902. Revue musicale, Lëtzebuerger Musekszeidong, 2002 N r. 1, S. 6. PDF
  • Nitschké, Alain; Sagrillo, Damien: Laurent Menager: Systematisches und kommentiertes Werkverzeichnis, Margraf Publishers 2011.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hie war 40 Joer Organist an der Parkierch am Pafendall (Quell: Anonym 1932 an der Literatur.)
  2. François Biltgen, 1985, S. 93.
  3. Volksbote 2, 1902.
  4. LW 10. an 11. Februar 1902.
  5. Anne Heintz, Musikalischer Glücksgriff, Organist Francis Lucas entdeckt 170 Jahre altes Manuskript von Komponist Laurent Menager, Luxemburger Wort, 20. August 2020; 170 Jahre alte Messe von Laurent Menager entdeckt, op wortl.lu, gelies den 20. August 2020
  6. Cf. Plack op der Pafendaller Kierch.
  7. Memorial N°14 vun 1880 mat enger Lëscht vu Leit déi am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  8. Noruff op de Laurent Menager am Luxemburger Wort vum 8. Februar 1902
  9. W. Thoss, 1932. Anciennes rues de Pfaffenthal. In: Livre d'Or Sang a Klang, S. 97.