Lauterbuer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit Lauterbuer bei Iechternach. Fir de Cheemiker an Nobelpräisdréier mat deem Familljennumm, kuckt wgl. Paul Lauterbur.
Lauterbuer
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lauterborn
de: Lauterborn
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Gemeng Iechternach
Buergermeeschter Carole Hartmann (DP)
Koordinaten 49° 47’ 48.1’’ N
      06° 23’ 12.3’’ O
Lauterbuer ëm 1600; Zeechnung am Abt Jean Bertels sengem Kontebuch
d'Kapell Lauterbuer.

Lauterbuer ass e Lieu-dit an der Gemeng Iechternach eng 3 km südwestlech vum Stadzentrum, baussent der Stad laanscht d'Lëtzebuergerstrooss (N11/E29). Déi kleng Uertschaft besteet aus engem herrschaftleche Gebai, "Schlass" genannt, enger Kapell an e puer Millen.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Schlass[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass Lauterbuer, besteet aus engem Härenhaus, engem Haus fir d'Personal, Ställ, Scheieren, der Kapell, dem Park an dem Weier a war fréier am Besëtz vun der Abtei Iechternach. Et geet zeréck op eng Schenkung vum Propst Berengaud tëschent 926 an 931. Dat haitegt Gebai gouf 1774 ënner dem Abt Michel Hormann vum Architekt Paul Mungenast als Residenz vun engem vun de Patere gebaut. No der Franséischer Revolution gouf d'Schlass 1797 versteet. Et huet duerno reegelméisseg de Besëtzer gewiesselt an ass och haut nach a Privatbesëtz.

Kapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell vu Lauterbur gehéiert als Privatbesëtz zum Schlass. De Grondstee fir d'Kapell gouf 1628 geluecht. De Bau war 1629 fäerdeg a se gouf och dat Joer ageweit. Um Enn vum 18. Joerhonnert gouf d'Kapell am Rokoko-Stil, warscheinlech ënner dem Architekt Paul Mungenast, nei opgebaut. Iwwer dem Agank ass de Wope vum Abt Limpach an eng Muttergottesstatu, bannen dran e Rokoko-Altor, deen och aus där Zäit staamt, mat engem Bild, dat méi al ass an de Wope vum Abt Petrus Fisch (1628-1657) duerstellt. D'Kapell gouf am zweete Weltkrich staark beschiedegt, 1960 renovéiert a vum Bëschof Léon Lommel nei geweit.

Millen[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze gouf et zu Lauterbuer fënnef Millen. Eng éischt gëtt 1581 an Dokumenter ernimmt. Haut ass nach eng vun de Millen, d'Dieschbourger Millen (Specksmillen) als Millen a Betrib, eng aner gouf an en Hotel-Restaurant (Au Vieux Moulin) ëmgebaut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lauterbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien