Op den Inhalt sprangen

Mistral Vibe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Le Chat (KI))
Logo vu Mistral AI, deen och fir Vibe benotzt gëtt.

Mistral Vibe oder just Vibe ass e generative KI-Chatbot, dee vun der franséischer Firma Mistral AI entwéckelt an 2024 verëffentlecht gouf. Den Déngscht ass an enger Gratisversioun an an enger bezuelter Premiumversioun disponibel.[1] E huet bis Mee 2026 Le Chat geheescht.

Mistral AI gouf am Abrëll 2023 vun den dräi franséische KI-Fuerscher Arthur Mensch, Guillaume Lample an Timothée Lacroix gegrënnt, déi virdru bei Google DeepMind, respektiv Meta täteg waren. D'Firma huet sech als Zil gesat, eng europäesch Alternativ zu den US-amerikanesche KI-Systemer wéi ChatGPT a Google Gemini ze entwéckelen. Mistral AI positionéiert sech als dateschutzbewosst Optioun an ass domat besonnesch fir den europäesche Maart attraktiv, wou héich Uspréch un den Dateschutz gestallt ginn.[2][3]

Le Chat gouf de 26. Februar 2024 als Client-orientéierten Chatbot agefouert. De 6. Februar 2025 gouf Le Chat fir mobil Apparater mat iOS an Android lancéiert. D'App gouf an den éischte 14 Deeg eng Millioun Mol erofgelueden. Zënter Mee 2025 gëtt et och eng kommerziell Offer fir Entreprisen.[4][3][5]

Am Januar 2025 huet Mistral AI en Accord mat der Agence France-Presse (AFP) ofgeschloss, deen et Le Chat erméiglecht, dat gesamt AFP-Archiv bis zréck an d'Joer 1983 ofzefroen.[6] Am Summer koumen nei Funktiounen dobäi, ënner anerem e Recherchemodus, Sproochsteierung an e Bildbeaarbechtungstool.[7]

Enn Mee 2026 gouf Le Chat op "Vibe" ëmgedeeft. Dobäi goufen och weider Funktiounen agefouert, wéi eng Extensioun fir de Programm Visual Studio Code, dee sech un Entwéckler riicht, en neien Schaffmodus an d'Trennung vum Coding-Assistent am Web an en eegenen Beräich.[8]

Wéi och aner generativ KI-Chatbotten ënnerstëtzt Le Chat de Benotzer bei Aufgabe wéi dem Erstellen a Resuméiere vun Text, der Datenanalys an dem Generéiere vu Biller. E kombinéiert Wëssen, op dat e virdrun trainéiert gouf, mat enger Recherche um Internet an Echtzäit, fir aktuell a fundéiert Äntwerten ze liwweren.[2][9][10]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Mistral AI : Le Concurrent Français d’OpenAI Dévoilé. mondetech.fr (16. Juni 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  2. 1 2 (en) Mistral Le Chat: capabilities, pricing, and enterprise ambitions in 2025. datastudios.org (18. August 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  3. 1 2 (fr) Matthias Meriguet, Mistral AI : L’ascension fulgurante d’un champion français de l’intelligence artificielle. mindblow.fr (21. Februar 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  4. (en) David Cendon Garcia, Paris-based Mistral AI eyes $1 billion raise at $10 billion valuation to lead Europe’s AI independence charge. eu-startups.com (4. August 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  5. (fr) Wassim Labdi & Anas El Houdri, Le Chat Mistral AI : rapide, puissant et open-source – explications. blog.octo.com (16. Abrëll 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  6. (fr) L’AFP et Mistral AI annoncent un partenariat mondial. afp.com (16. Januar 2026). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  7. (de) Matthias Bastian, Mistral AI stattet Le Chat mit Deep Research, Sprachmodus und Bildbearbeitung aus. the-decoder (17. Juli 2025). Gekuckt de 14. Juli 2026.
  8. (de) Jonathan Kemper, Le Chat wird zu Vibe: Mistrals Chatbot soll jetzt selbst arbeiten. the-decoder.de (28. Mee 2026). Gekuckt de 14. Juli 2026.
  9. (fr) Stephane Ruscher, Le Chat, l’IA française qui défie ChatGPT : voici tout ce qu’elle peut faire pour vous. lesnumeriques.com (26. Februar 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.
  10. (de) Tobias Bolzern, Was die KI-Katze besser kann als ChatGPT. blick.ch (10. Februar 2025). Gekuckt den 10. Mäerz 2026.