Le Grand-Ducal
Ausgesinn
| Moniteur littéraire et politique du Luxembourg | |
|
| |
| Typ | Zäitschrëft |
|---|---|
| Periodizitéit | 1 Mount |
| Sprooch | Franséisch |
| Éischt Ausgab | 31. Mäerz 1945 |
| Lescht Ausgab | 1. Abrëll 1946 |
| Land | Lëtzebuerg |
|
| |
Le Grand-Ducal. Moniteur littéraire et politique du Luxembourg war eng franséischsproocheg Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 31. Mäerz 1945 an dem 1. Abrëll 1946 eemol am Mount erauskoum.
Editeur war de Willy Gilson a gedréckt gouf se beim Pierre Linden an der Stad Lëtzebuerg.
De Willy Gilson huet am Grand-Ducal ë. a. Fragmenter vu sengem epesche Gedicht Mon pays. Histoire du Luxembourg en vers publizéiert, sou wéi och Artikelen ënner dem Pseudonym Roger de Hautfort.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Le Grand-Ducal - all Nummeren op eluxemburgensia.lu.
- Fiche op a-z.lu.
