Le Patron

Vu Wikipedia
Le Patron 3
Le Patron 4

Le Patron ass eng hollännesch Autosmark, déi hire Sëtz zu Ophemert huet, an der Provënz Gelderland. Se ass 1991 gegrënnt ginn.

Van Den Bergh Import (VDBI) liwwert zanter 1998 Autoen als Carkit, also Autoen, déi de Keefer selwer opriichte kann.

Le Patron Autoe ginn op Basis vu Citroën 2 CV, Dyane oder Ami 6 entworf.

Le Patron 3[änneren | Quelltext änneren]

De Le Patron 3 ass e Auto mat dräi Rieder, dovun der zwee vir, wéi den englesche Lomax.

Le Patron 4[änneren | Quelltext änneren]

Le Patron 4 ass véierriedereg, mat enger Polyester-Carosserie wéi den 3. E weit 400 Kilo a fiert wann en eng kleng Fënster huet, 150 km/h, mat enger méi héijer ronn 130 km/h. Mat engem 2CV-Motor brauch e 5 Liter op 100 Kilometer. De Won huet Plaz fir zwou Persounen. Fir an d'Mall ze komme muss een de Chaufferssëtz ëmleeën.

Fir matzefueren ass eng lieder Autoskap ugeroden, well et zimmlech lëfteg dobäi zougeet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]