Lee Ryan

Vu Wikipedia
Lee Ryan
Gebuer 17. Juni 1983
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Italia Conti Academy of Theatre Arts
Aktivitéit Liddermécher, Komponist, Sänger, Schauspiller, Filmschauspiller

De Lee Ryan, gebuer de 17. Juni 1983 zu Chatham an der Grofschaft Kent, ass e brittesche Sänger.

International bekannt gouf de Ryan als Member vun der Boygroup Blue, mat där hien tëscht 2001 an 2005 méi wéi 13 Millioune Placke verkafe konnt. Eng Kreativpaus vun der Band huet e benotzt, fir sech als Solokënschtler z'etabléieren.

Am Juli 2005 ass ënner dem Titel Army Of Lovers seng Debutsingle erauskomm, mat där hien a sengem Heemechtsland aus dem Stand op Plaz 3 vun den Charts koum. Och mam Debutalbum deen eng Woch méi spéit erauskoum konnt hie sech a Groussbritannien an den Top-Ten placéieren.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen

  • 2005: Lee Ryan

Singelen

  • 2005: Army Of Lovers
  • 2005: Turn Your Car Around
  • 2005: When I Think Of You
  • 2006: Real Love
  • 2007: Reinforce Love
  • 2010: I Am Who I Am / Secret Love

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]