Leekolle vun Aasselbur

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Schëld vum Biotop

D'Leekolle vun Aasselbur am Dall vun der Éimeschbaach si géint 1880 a Betrib gaangen.

Virdru war op där Plaz awer schonn eng Steekoll, déi vum Henri Drickes deen den Terrain vu sengem Papp 1827 geierft hat, exploitéiert gouf. Hien huet d'Steekoll un den Ingenieur Jean-Nicolas Klensch verkaaft, deen 1868 eng Autorisation d'Exploitation ugefrot huet.

Obschonn d'Qualitéit vun de Leeën eng ganz gutt war, wat ënner anerem duerch e Präis op der Universalausstellung vun 1889 zu Paräis confirméiert gouf, ass de Betrib ni richteg an d'Rulle komm. Eng vun den Haaptursaachen dofir waren déi schlecht Transportméiglechkeeten, haaptsächlech bedéngt doduerch, datt se keen Uschloss un d'Eisebunn haten.

Den Héichpunkt vun der Exploitatioun war 1928 mat 1.200.000 produzéierte Leeën. Deemools hunn an der Kaul 55 Leit geschafft, dovun 20 ënnerdaach an de Rescht iwwerdaach.

D'Leekollen haten eng Fläch vu ronn 10 ha. Ënnerdaach gouf op enger Déift vun 100 Meter op engem ha exploitéiert. D'Recht fir ënnerdaach z'exploitéieren, war fir eng Fläch vun 23 ha.

1969 goufen d'Leekollen zu Aasselbur definitiv zougemaach, an zanter 1970 huet d'DEA den ënnerierdeschen Deel gepacht.

Den Tipp vun de Kollen, lénks laanscht d'Trëtterbaach, tëscht der Éimeschbaach an der Aasselburer Millen, ass haut e Biotop deen ënner anerem op engem kulturelle Circuit läit mat Depart op der Aasselburer Millen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]