Leescht (Anatomie)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kierperdeel. Fir d'Geschier vum Schouster, kuckt wgl. Leescht (Geschier). |

An der Anatomie ass d'Leescht (lt.: Inguen) den ënneschten (beim Mënsch), respektiv den hënneschten (bei den anere Mamendéieren) säitlechen Deel vun der Bauchwand. Si gëtt och nach Leeschtegéigend oder Leeschteregioun (Regio inguinalis) genannt.
An der Leeschtegéigend läit de Leeschtekanal (Canalis inguinalis). Deen, oder méi prezis säi banneschten Zougank, den Anulus inguinalis profundus, ass eng natierlech Schwaachstell am Bauch. Do kann et also virkommen, datt de Contenu vun der Bauchhiel duerch d'Bauchwand trëtt. Da schwätzt ee vun engem Leeschtebroch (oder enger Leeschtenhernie).[1]
Bei Houfdéiere läit d'Mëllechdrüs an der Géigend vun der Leescht a gëtt Auder genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Leescht (Anatomie) – Biller, Videoen oder Audiodateien |