Leetstär

Vu Wikipedia
Den UT4 vum Very Large Telescope mécht säin eegene Laserleetstär.

E Leetstär ass an der Astronomie e Stär dee vum Observateur ugepeilt gëtt fir d'Richtungskontroll bei Himmelsfotoen fir déi d'Teleskop resp. den Astrograph der deeglecher Dréiung vum Stärenhimmel nogefouert gëtt, fir eng punktfërmeg Foto vun de Stären ze kréien. Soubal eng vun den Achse vum Instrument och nëmmen e bësselche vun der Himmelsachs (Parallel zu der Äerdachs) ofwäicht, verzerre sech d'Stärebiller zu kuerze Stréchspueren. Wann e Leetstär uviséiert an am Bléckfeld gehale gëtt, dann erhéicht sech d'Prezisioun vun der Noféierung däitlech.

Och an der Raumfaart gi Leetstäre fir d'Ausriichte vu Sonde gebraucht resp. fir d'Kontroll vun de Gyroskopplattformen. Dacks gëtt dofir de Stär Canopus beim südlechem Himmelspol gebraucht, well deen ëmmer e grousse Wénkelofstand zu der Sonn huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie