Leetteleskop

Vu Wikipedia
Leetteleskop (wäiss) op engem Amateurteleskop

Als Leetteleskop oder Leetrouer gëtt an der Astronomie en Teleskop mat laanger Brennwäit fir d'Kontroll vun Himmelsfotoe bezeechent déi laang berliicht finn.

De Leetrouer ass parallel zu engem zweeten Teleskop oder engem Astrograph montéiert an iwwerwaacht déi manuell oder maschinell Noféierung vun der deeglecher Dréiung vum Stärenhimmel. Wa kleng Ofwäichungen optrieden, da gëtt entweeder d'Noféiervitess ugepasst (mat CCD-Sensore kann dat och automatesch geschéien) oder eng kleng Wénkelännerung vun der Querachs (Deklinatioun) virgeholl. Zil ass, eng genee punktfërmeg Foto vun de Stären z'erreechen. Dofir sollt d'Brennwäit vum Leetteleskop op d'mannst duebel sou laang si wéi déi vun der Kamera (bei engem Duebelteleskop kënnen d'Ënnerscheeder anescht sinn).

Déi genannt Method setzt eng equatorial Montéierung viraus, bei där d'"Stonnenachs" op den Himmelspol weist. Nei, dacks GPS-gesteiert Instrumenter sinn awer meeschtens azimutal montéiert (vertikal Dréiachs wéi bei engem Theodolit). Do trëtt eng Bildfelddréiung op (kuckt parallaktesche Wénkel), déi zousätzlech korrigéiert muss ginn oder sech (no e puer Minutten) als kuerz Stréchspuere vun de Stäre bemierkbar mécht.

D'Richtungskontroll erfollegt mat engem Leetstär vu gëeegneter Hellegkeet, dee vum Observer genee op dem Fuedemkräiz vum Leetteleskop gehale gëtt. De Leetstär sollt um Himmel a Richtung vun der Himmelsfoto (d. h. an der Bildmëtt) stoen. Wa säi Wénkelofstand ze grouss ass, da bewierkt d'astronomesch Refraktioun déi mat der Héicht ännert, een dënnt Auseneendrifte vum Leetstär a fotografescher Achs.

Modern Groussteleskope kënne sech och géigesäiteg an der Richtung iwwerwaachen, wa si eng gekoppelt Steierung hunn – wéi z. B. beim Large Binocular Telescope (LBT).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie