Leo Folschette
| Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Leo Folschette | |
|---|---|
| Gebuer |
18. Dezember 1958 Gréiwemaacher |
| Gestuerwen |
30. Dezember 2025 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schauspiller |
|
| |
De Leo Folschette, gebuer den 18. Dezember 1958 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 30. Dezember 2025 zu Lëtzebuerg[1][2][3], war e lëtzebuergesche Schauspiller an Televisiounsproduzent.
Hien huet ufanks als Vendeur geschafft. An den 1980er Joeren huet hien e puer Amateur-Kuerzfilmer gedréint. A Saache Programmproduktioun war hien Autodidakt, hien huet fir verschidde Lokaltelevisioune wéi Mamer TV an Televisioun Steesel Programmer produzéiert. Déi goufen och op .dok gewisen, e Sender, fir déi hien och aner Emissioune gemaach huet an 20 Joer laang am Comité war, zulescht als Direkter.[4]
Dernieft war hie Schauspiller an huet a Filmer wéi Gutland, Little Duke oder dem Kuerzfilm Linda, Linda! matgespillt.[1][2]
Hien ass mat 67 Joer no enger Kriibserkrankung gestuerwen.
De Kuerzfilm LeoLisa aus der Doku-Serie routwäissgro portraitéiert hie bei senger Aarbecht als Programmmécher.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 2017: Gutland - Regie: Govinda Van Maele - Haaptacteuren: Frederick Lau, Vicky Krieps - (als Arno Kleyer)
- 2022: Kommunioun - Regie: Jacques Molitor - Haaptacteuren: Louise Manteau, Marja-Leena Junker - (als Affekot)
- 2023: Little Duke - Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: André Jung, Luc Feit - (als Fons)
- 2025: Linda, Linda! - Regie: Kiyan Agadjani - Haaptacteuren: Claire Johnston, Nicholas Gecks - (als Jean-Paul) - (Kuerzfilm)
- 202 Haut ass den Dag - Regie: Lisa Folschette - Haaptacteur: Philippe Thelen, Jacques Molitor (Kuerzfilm)
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Marc Thill: "Schauspieler und TV-Produzent Leo Folschette gestorben." wort.lu, 30.12.2025.
- 1 2 "Doud vum Leo Folschette am Alter vu 67 Joer." rtl.lu, 30./31.12.2025.
- ↑ Doudesannonce (mat Gebuertsinfo) am Luxemburger Wort vum 6. Januar 2026
- ↑ Frédéric Braun: "Der stille Magnet." In: d'Lëtzebuerger Land 2026, Nr.2, S.16-17.
