Leopold Winandy
| Leopold Winandy | |
|---|---|
| Gebuer | 5. Mäerz 1936 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Escher Conservatoire, Conservatoire royal vu Bréissel |
| Aktivitéit | Dirigent |
|
| |
De Léopold Winandy, gebuer de 5. Mäerz 1936 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Musekspedagog, Flüttist an Dirigent.
Hien huet säi Museksstudium am Escher Conservatoire gemaach: Solfège, Flütt an Harmonie. Um Conservatoire Royal de Bruxelles huet hie säi Studium vervollstännegt. An de Joren 1976 a 77 war hie Schüler vum groussen Dirigent Sergiu Celibidache.
Am Escher Conservatoire war hie Professer fir Solfège, Flütt a Blockflütt. An de leschte Joren huet hie 24 Solfègebicher fir Professeren a Schüler publizéiert, déi vun der UGDA éditéiert ginn. Déi Bicher, mat engem QR-Code fir eng MP3-Datei oder op Wonsch mat CD, ëmfaassen den Eveil 1 an 2, d'Basisbicher Mir maache Musek (MmM 1 bis MmM 5) fir d'Nouteschrëft op akusteschem Wee ze léieren, a sinn e wichtege Bäitrag fir d'Musekserzéiung zu Lëtzebuerg. De 27. Mee 2025 an den 31. Mäerz 2026 huet hien e Virtrag um Campus Belval vun der Universitéit Lëtzebuerg iwwer seng pedagogesch Aarbecht mam Titel: Enseignement vun der Nouteschrëft, hirem Klank an hirem Sënn, fir Kanner vu 6 bis 12 Joer gehalen.
Hie war Dirigent vun der Schmelzer Musek vun Diddeleng, der Harmonie Municipale vu Schëffleng, dem Cercle Symphonique vu Rëmeleng, dem Kierchechouer vu Lalleng, dem Kannerchouer vu Schëffleng, dem Gesangveräin Ëmmer Frou vun Téiteng, dem Cercle Vocal Belval-Metzerlach an der Jugendmusek vun der Escher Stadtmusek.
