Leopold van Werveke

Vu Wikipedia
Leopold van Werveke
Gebuer 11. Februar 1853
Dikrech
Gestuerwen 4. August 1933
Magdeburg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik
Aktivitéit Geolog
Famill
Geschwëster Auguste van Werveke, Nicolas van Werveke

De Leopold van Werveke gebuer den 11. Februar 1853 zu Dikrech a gestuerwen de 4. August 1933 zu Magdeburg, war e lëtzebuergesch-däitsche Geolog an Apdikter.

De Leopold van Werveke ass zu Dikrech op d'Welt komm, wou säi Papp Feldwebel am 2. Jeeërbatailloun war. Hien ass an d'Stad an de Kolléisch gaangen, an huet duerno eng Léier beim Apdikter Jean Meyer zu Eech gemaach. Hien huet duerno zu Heidelberg weiderstudéiert. No sengem Apdikteschexamen zu Lëtzebuerg, deen hien den 21. November 1874 ofgeschloss huet, huet hien 1874/75 eng kuerz Zäit zu Iechternach als Apdikter an der Apdikt Namur geschafft[1].

Mä d'Geologie huet en ëmmer méi intresséiert. Hien huet déi Disziplin zu Stroossbuerg studéiert a säi Studium mat enger Dokteraarbecht iwwer d'Munnerëffer Thermalwaasser ofgeschloss.

Hien ass zu Stroossbuerg (deemools däitsch) bliwwen an ass, nodeem en déi däitsch Nationalitéit ugeholl hat, do an de Staatsdéngscht getrueden. Fir d'éischt krut de Leopold van Werveke d'Verwaltung vun der geologescher Kollektioun vun der Stroossbuerger Universitéit iwwerdroen. Spéider huet hie sech un Expeditiounen op Sumatra an op Java bedeelegt. 1903 gouf e kaiserlicher Bergrat, 1913 Geheimer Bergrat an 1914 Chef vun der Geologescher Landesanstalt vun Elsass-Loutrengen.

Nom Éischte Weltkrich ass en op Gengebach, a Baden, an no senger Pensionéierung op Magdeburg, wou seng Duechter gelieft huet, wunne gaangen. Do huet hien och äerdeg virugefuerscht a besonnesch den Diluvium vun Nord- a Mëtteldäitschland studéiert. Do huet hien och am Februar 1933 e puer Méint viru sengem Doud säin 80. Gebuertsdag gefeiert, fir deen him d'Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) gratuléiert huet an op deen d'lëtzebuergesch Press jee no der Zeitung mat enger méi oder manner ausféierlecher biographescher Notiz agaangen ass[2].

Vun him sinn eng Onmass vu wëssenschaftlechen Aarbechten erhalen.

Op Virschlag vum Louis Blum ass de Leopold van Werveke 1902 Éieremember vun der SNL ginn[3]. 1907 gouf hien och Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal[4].

De Leopold van Werveke war de Brudder vum Historiker Nicolas van Werveke a vum Architekt an Zeecheprofesser Auguste van Werveke.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard, J.A., 1992. Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach.] In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 491. PDF
  2. Massard 1990, S. 151. – Kuck: Obermosel-Zeitung 1933-02-11, S. 1, Nr. 36 (Notizblatt des Tages). Luxemburger Wort 1933-02-10: 5 (Geburtstagsfeier). Jonghémecht, 7(1933) (3), S. 91-92 (Leopold van Werveke).
  3. Massard 1990, S. 152.
  4. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 2-3 (1907-1908), S. III (membres honoraires). Cf. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques]] N.S. 13 (1934), S. XLIII (Séance du mercredi, 17 janvier 1934).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]