Leptophis ahaetulla

Vu Wikipedia
Leptophis ahaetulla
Leptophis ahaetulla

Leptophis ahaetulla
Leptophis ahaetulla
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Schlaangen
Famill: Colubridae
Ënnerfamill: Colubrinae
Gattung: Leptophis
Wëssenschaftlechen Numm
Leptophis ahaetulla
Linnaeus, 1758


Leptophis ahaetulla, op Spunesch bekannt als lora, ass eng Schlaangenaart aus der Famill vun den Natteren (Colubridae).

Si lieft am Norde vu Südamerika an a Mëttelamerika.

Erwuessen Exemplare gi ronn annerhallwe Meter, heiansdo bis zu 172 cm laang.

Leptophis ahaetulla ass uewendrop grasgréng, mat op der Säit enger gëllener bis hellbeiger Sträif. Um Kapp hu s'eng schwaarz Strâif, déi duerch d'A geet. Déi ënnescht Lëps, sou wéi och de Bauch, si giel bis wäisselzech. Si ass net gëfteg.

D'Déier erniert sech vun Eidechsen, Fräschen, klenge Vullen an Eeër.

Ënneraarten[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt eng 12 Ënneraarte vun der Leptophis ahaetulla:

  • Leptophis ahaetulla ahaetulla (Linnaeus, 1758)
  • Leptophis ahaetulla bocourti Boulenger, 1898
  • Leptophis ahaetulla bolivianus Oliver, 1942
  • Leptophis ahaetulla chocoensis Oliver, 1942
  • Leptophis ahaetulla coeruleodorsus Oliver, 1942
  • Leptophis ahaetulla copei Oliver, 1942
  • Leptophis ahaetulla liocercus (Wied, 1824)
  • Leptophis ahaetulla marginatus (Cope, 1862)
  • Leptophis ahaetulla nigromarginatus (Günther, 1866) - black-skinned parrot snake
  • Leptophis ahaetulla occidentalis (Günther, 1859)
  • Leptophis ahaetulla ortonii Cope, 1876
  • Leptophis ahaetulla praestans (Cope, 1868)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Freiberg, M. 1982. Snakes of South America. T.F.H. Publications. Hong Kong. 189 pp. ISBN 0-87666-912-7. (Leptophis ahaetulla, pp. 80, 101, 133 + photograph on p. 54.)
  • Linnaeus, C. 1758. Systema naturæ per regna tria naturæ, secundum classes, ordines, genera, species, cum characteribus, diferentiis, synonymis, locis. Tomus I. Editio Decima, Reformata. L. Salvius. Stockholm. 824 pp. ("Coluber Ahætulla", p. 225.)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leptophis ahaetulla – Biller, Videoen oder Audiodateien