Leroy Anderson

Vu Wikipedia
Leroy Anderson
Gebuer 29. Juni 1908
Cambridge
Gestuerwen 18. Mee 1975
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Museksconservatoire vun New England
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Schrëftsteller, Liddertexter
Member vun Phi Beta Kappa

De Leroy Anderson, gebuer den 29. Juni 1908 zu Cambridge, Massachusetts, a gestuerwen den 18. Mee 1975 zu Woodbury, Connecticut, war en US-amerikanesche Komponist mat schweedeschen Originnen.

Den Anderson gouf berüümt durch seng kuerz, originell Concertstécker, déi hien op Virschléi vum Arthur Fiedler fir de Boston Pops Orchestra komponéiert huet.

De Leroy Anderson huet op der Harvard Universitéit Piano, Posaun, Kompositioun, Uergel a Kontrabass studéiert. Am Zweete Weltkrich war den Anderson wéinst senge Sproochkenntnesser, an der Haaptsaach déi skandinavesch Sproochen, Dolmetscher am Pentagon an zäitweis an Island stationéiert.

Disquë mat senge Wierker hate grousse Succès. Säi Blue Tango, agespillt vum Komponist mat sengem Orchester, war déi éischt Instrumentalplack déi iwwer eng Milliounmol verkaf gouf.

Seng Musekstécker goufen och a Filmer agesat, wéi z. B.:

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • "Jazz Pizzicato", 1938
  • "The Syncopated Clock", 1945
  • "Chicken Reel", 1946
  • "Fiddle-Faddle", 1947
  • "Sleigh Ride", 1948
  • "A Trumpeter's Lullaby", 1949
  • "The Typewriter", 1950
  • "Blue Tango", 1951
  • "Plink, Plank, Plunk!", 1951
  • "Belle of the Ball", 1951
  • "Bugler's Holiday", 1954
  • "Goldilocks", Musical, 1958

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Burgess Speed, Eleanor Anderson, Steve Metcalf: Leroy Anderson: A Bio-Bibliography (Praeger, 2004)
  • Howard Pollack, Harvard Composers - Walter Piston and his Students (The Scarecrow Press, 1992)
  • Edward Jablonski, The Encyclopedia of American Music (Doubleday & Co., Inc. 1981)
  • George McCue, Music in American Society 1776-1976 (Transaction Books., 1977)
  • Christopher Pavlakis, The American Music Handbook (MacMillan Publishing Co., Inc., 1974)
  • David Ewen, Popular American Composers - from Revolutionary Times to the Present (H.W. Wilson Co., 1962)
  • Hans-Walter Berg: ein Meister der Miniatur. Neue Blasmusik 1991/1992, Dec 1992, vol 16, S. 53-79.(Referate und Analysen).
  • Janet Frank: Syncopated Clock, Indeed! American Scholar, Phi Beta Kappa Society, Vol 77, No. 3, Summer 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]