Les bricoleurs (Film 1963)
Ausgesinn
Les bricoleurs ass e franséische Film vum Jean Girault aus dem Joer 1963 mam Francis Blanche a mam Darry Cowl an den Haaptrollen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Zwéin Immobilienagente gi sech drunn, en Haus un eng eeler englesch Dame ze verkafen. De Probleem: Just virun der Visitt fannen s'eng Läich am Haus, déi natierlech virun der intresséierter Keeferin verstoppt muss ginn. Nach méi komplizéiert gëtt et, wéi d'Läich op eemol verschwonnen ass...