Leslie Peltier

Vu Wikipedia
Leslie Peltier
Gebuer 2. Januar 1900
Gestuerwen 10. Mee 1980
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

De Leslie Copus Peltier, gebuer den 2. Januar 1900 zu Delphos, Ohio a gestuerwen den 10. Mee 1980, war en US-amerikaneschen Astronom. Hien huet als Amateurastronom e ganze Koup Koméiten entdeckt, an d'verännerlech Stären ënnersicht. Hie war Member an der American Association of Variable Star Observers (AAVSO).

Hien ass vum Harlow Shapley als "beschten Amateurastronom" bezeechent ginn.

De Leslie C. Peltier Award als Auszeechnung fir besonnesch astronomesch Leeschtungen, gouf no him genannt. Nom Peltier ass den Asteroid (3850) Peltier benannt.

Koméiten entdeckt: 12, wouvun der zéng säin Numm droen
C/1925 V1 (Wilk-Peltier) 14. November 1925
C/1930 D1 (Peltier-Schwassmann-Wachmann) 20. Februar 1930
C/1932 P1 (Peltier-Whipple) 8. August 1932
C/1933 D1 (Peltier) 16. Februar 1933
C/1936 K1 (Peltier) 15. Mee 1936
C/1939 B1 (Kozik-Peltier) 17. Januar 1939
C/1943 W1 (van Gent-Peltier-Daimaca) 27. November 1943
C/1945 W1 (Friend-Peltier) 22. November 1945
C/1952 M1 (Peltier) 20. Juni 1952
C/1954 M2 (Kresák-Peltier) 26. Juni 1954

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]