Letzeburger Nationalunio'n

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Letzeburger Nationalunio'n (Lëtzebuerger Nationalunioun an déi haiteg Orthographie transskribéiert) war eng Lëtzebuerger nationalistesch Bewegung, déi den 10. August 1910 vun enger Grupp Studenten, dorënner de Lucien Koenig, gegrënnt gouf.

Hir Iddien[änneren | Quelltext änneren]

Si hu sech staark um Maurice Barrès an der Action française, méi spéit zum Deel och um Benito Mussolini sengem Faschismus, inspiréiert. D'Statute vun 1911 hu virgesinn, datt nëmme Lëtzebuerger Member kéinte ginn (1911 ware net der eng 110), hir Sprooch eleng déi Lëtzebuergesch wier, de Sproch "Letzeburg de Letzeburger" hiert Motto wier an de roude Léiw op blo-wäissem Grond hire Fändel.

Allgemeng war se géint déi parlamentaresch Demokratie: Parteie wieren a sou eng klenge Land net néideg, si géife just d'Land onnéideg splécken an et den auslännesche Kräften ausliwweren. D'Nationalunio'n war antisemitesch (an hirer Zeitung D'Natio'n, déi zanter 1915 erauskoum, gouf et 1920 eleng 3 Nummeren iwwer d'"Juddefro") an an auslännerfeindlech; déi 30.000 bis 40.000 Auslänner, déi ëm 1916 zu Lëtzebuerg gelieft hunn, huet si als "national Gefor" definéiert. D'Lëtzebuerger missten déi auslännesch Butteker boykottéieren a sollten nëmme bei Lëtzebuerger Geschäftsleit akafen. Si war, an derselwechter Logik, géint Naturalisatiounen, déi se e "Verbrieche ge'nt d'Natio'n" genannt hunn. Geopolitesch hu si gefuerdert; e "Gro'ssletzeburg" (Grousslëtzebuerg) ze schafen, dat déi "geklauten" Territoiren, déi 1659, 1815 an 1839 vum Herzogtum, resp. Groussherzogtum Lëtzebuerg ofgespléckt gi waren, mat abegräife géif.

1922 huet d'Nationalunio'n sech gespléckt, just nach en haarde Kär wollt déi "nationalistesch Prinzipien reng an onverfälscht duerchsetzen" (D'Natio'n 1(1923)). An de spéiden 1920er, uganks 1930er Joren war vun der Nationalunio'n net méi vill ze héieren. 1937, wéi d'politesch Zeen duerch d'Diskussiounen ëm dat sougenannt Maulkuerfgesetz polariséiert war, an och wirtschaftlech d'Land manner gutt dru war, goufen déi al Thesen a Parolen nees opgewiermt.

Nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich ass d'Letzeburger Nationalunio'n weiderhi mat hiren albekannten Thesen opgetrueden; just d'Hetz géint Judde war net méi dobäi. Si huet bedauert, datt d'Parteien sech nees reconstituéiert hunn a weiderhin un hirer Thes festgehalen, e Méiparteiesystem wir fir Lëtzebuerg schiedlech. 1947 huet si vu sech schwätze gedoen, wéi s'e Bréif un d'Ausseministere vun de Vereenegte Staaten, Groussbritannien, Frankräich an der Sowjetunioun geschéckt huet, woura se gefuerdert huet, déi Territoiren, déi 1815, nom Wiener Kongress preisesch goufen, ze "desannexéieren". Dës Revendicatioune sinn awer op daf Ouere gestouss; och d'Lëtzebuerger Regierung huet se net opgegraff.

Duerno huet een näischt méi vun der Letzeburger Natinalunio'n héieren. De Lucien Koenig ass an d'Politik gaangen, an de Groupement démocratique, dee spéider d'DP gouf, war Schäffen an der Stad Lëtzebuerg, an tëscht 1951 an 1961 Deputéierten an der Chamber.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]