Letzeburger Sonndesblad

Vu Wikipedia
Letzeburger Sonndesblad


D'Letzeburger Sonndesblad war eng kathoulesch Wochenzäitschrëft, déi ënner deem Numm vun 1946 bis 2001 erauskomm ass.

Luxemburger Sonntagsblättchen[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum Sonndesblad fänkt den 8. Dezember 1869 mat der „Probe-Nummer” vum Luxemburger Sonntags-Blättchen für Stadt und Land un.[1] Mat der liicht geännerter Graphie Luxemburger Sonntagsblättchen koum d'Zäitschrëft du vun 1870 un all Woch eraus.

D'Zeitung hat 16 Säiten a koum am handleche Klengformat vun 21 x 14 cm an der d'Dréckerei vum Pierre Brück, deen deemools och d'Luxemburger Wort gedréckt huet, eraus. D'Joresabonnement huet 3 Frang fir Abonnenten aus der Stad a 4 Frang fir déi vum Land kascht.[2] De Spiritus rector vum Sonndesblietche war de Geeschtleche Bernard Haal, de President vum Lëtzebuerger Geselleveräin.[3]

Luxemburger Sonntagsblatt[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bernard Haal säin Nofollger, de Geeschtleche Jean-Baptiste Fallize, huet 1875 fir e méi grousse Format optéiert, an d'Zäitscheëft huet sech vun do un „Luxemburger Sonntagsblatt für Erbauung, Unterhaltung und Belehrung“ genannt.[3] Am Volleksmond ass si awer d'„Sonndesblietchen“ bliwwen.[1] Gedréckt gouf si grad wéi d'Wort weiderhi beim P. Brück, da kuerzzäiteg vum 20. November 1884 u beim Louis Schamburger[4] a vum 1. Januar 1885 un an der Sankt-Paulus-Dréckerei[5] .

Am Mee 1941 gouf d'Zäitschrëft d'Affer vun den Nazien, déi hiren Drock aus „Papierersparnisgründen“ gestoppt hunn.[6]

Letzeburger Sonndesblad[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich ass d'Zäitschrëft nees reaktivéiert ginn, an zwar ënner dem Numm „Letzeburger Sonndesblad“. Déi éischt Nummer ass samschdes, de 25. Mee 1946, an enger Oplo vu 76.000 Exemplaren erauskomm.[7] Déi lescht Nummer vun der Zäitschrëft, déi an der Tëscht onrentabel fir d'Sankt-Paulus-Dréckerei gi war, ass fir Chrëschtdag 2001 erauskomm.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Grégoire, P., 1966. Drucker, Gazettisten und Zensoren. Bd. 5. Luxemburg, St.-Paulus-Druckerei, 278 S.
  • Hausemer, G., 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z. Luxembourg. Editions Binsfeld, 479 S.
  • Hilgert, R., 2004. Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004. Luxembourg, Service Information et Presse, 258 S.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Hilgert 2004, S. 112-113; Hausemer 2006, S. 248.
  2. Luxemburger Wort 1869-12-17, Nr. 295, S. 4 (Anzeige: Zum Abonnement auf das Luxemburger Sonntags-Blättchen für Stadt und Land).[1]
  3. 3,0 3,1 Grégoire 1966, S. 76.
  4. Luxemburger Wort 1884-11-18, Nr. 269, S. 1 (Das freie Wort)
  5. Cf. Hilgert 2004, S. 129.
  6. Dostert, P., 1985. Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe : die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940-1945. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 138.
  7. Cf. Luxemburger Wort 1946-05-20, S. 4 (Letzeburger Sonndesblad)
  8. Ende des Sonndesblad. In: d'Lëtzebuerger Land vum 27.12.2001.