Levée en masse

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée 

Den 23. August 1793 huet a Frankräich d'Convention eng Levée en masse (Masserekrutement) vun 300.000 Männer beschloss.

Duerch e Lous sollten d'Männer aus alle franséischen Departementer erausgesicht ginn, fir d'Arméi nees opzefëllen, déi duerch Verloschter, Desertiounen a virun allem duerch d'Fortgoe vu Fräiwëllege vu 1792, déi gehofft haten, nees kënnen heemzegoen, staark verklengert gi war. Dës Levée gouf bei de Baueren net gutt opgeholl, an et koum zu Opstänn zu Rouen, Amiens a Montargis.

D'Convention huet doropshin 82 Deputéierten an d'Konfliktzone geschéckt, fir d'Opstänn néierzeschloen, an d'Levée weider duerchzezéien. Dëst huet zu engem Opstand an der Vendée gefouert. Nach ier den Dekreet, de 7. Mäerz, bei de Municipalitéiten ukomm war, koum et zu Onrouen: zu Cholet goung et den 2. Mäerz lass. Den 10. Mäerz hu sech dës lokal Opstänn generaliséiert. Machecoul gouf den 11. Mäerz vun den Opstännege besat, déi eng grouss Partie vun den Awunner massakréiert hunn[1]. Tiffauges ass den 12. Mäerz gefall, um Dag deen am Kalenner stoung, fir d'Lous ze zéien. Den 13. a 14. Mäerz sinn de Marais breton an de Bocage a Flamen opgaangen: all Stied am Norde vum Departement, Les Herbiers, Mortagne, Montaigu, Challans a La Roche-sur-Yon sinn an d'Hänn vun den Opstännege gefall, an dëst war den Ufank vum groussen Opstand vun der Vendée.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux » in L'Histoire, n°311.