Library Computer Access and Retrieval System

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star-Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Televisiounsserie oder aus de Star-Trek-Filmer.

Am fiktive Star Trek-Universum ass LCARS (eng.: Library Computer Access and Retrieval System, lëtz.: Bibliothéikscomputer-Zougrëffs- an Offrosystem) d'Standart-Betribssoftware op de Computeren (z. B.: Schëffscomputer, PADD) bannend der Vereenter Federatioun vun de Planéiten.

LCARS Design ab zirka 2370
LCARS Design ab 2378

Form a Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

De Prinzip vum LCARS baséiert op Elementer, déi dacks an alle méigleche Konstellatiounen erëm komme kann. LCARS zeechent sech besonneg duerch seng grouss Flexibilitéit aus. Fir verschidden Duerstellunge gëtt et verschidden Duerstellungsméiglechkeeten. Hei déi Duerstellungsméiglechkeeten, déi am heefegste virkommen:

  • Balken-Terminal
  • Eckbalken-Termin

D'Faarwe si streng genormt. Et kënnt och mol vir, datt bei engem Systemupdate, d'Faarfschema wiesselt. Hei ass also och eng kleng Evolutioun bei de Versiounen z'erkennen.

Wärend den LCARS uganks vun den 2460er Joren éischter an däischterrouden Téin gehalen ass, changéiert dat tëscht 2465 an 2475 méi zu Hellgiel an Hellblo a vun 2478 un ass den LCARS a gréisstendeels donkelbloen Téin ze gesinn.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

De Layout vun de Displaye baséiert wéi scho gesot um Prinzip vun der Gruppéierung vu verwandte Funktiounen. Sou zum Beispill huet all Konsol (op der Bréck) en Terminal, iwwer deen ee manuell Befeeler kann aginn. Et ass och méiglech, déi iwwer Stëmm eranzeginn. De Benotzer huet d'Fräiheet, iwwer all belibeg Konsol um Schëff, all d'Donnéeën ofzeruffen, op déi hien Zouganksrechter huet. Sou kënne beispillsweis op enger Wëssenschaftskonsol, d'Navigatiounskontrollen opgeruff ginn. Bei sou engem Virgang, passt sech d'graphesch Uewerfläch dem neie Programm un. An engem Sekonnenbrochdeel kann een erëm zu sengem urspréngleche Programm eriwwerswitchen.