Licia Albanese

Vu Wikipedia
Licia Albanese
Gebuer 22. Juli 1909
Gestuerwen 15. August 2014
New York
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Italien, USA, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Operesänger

D'Licia Albanese, gebuer den 22. Juli 1909 zu Bari, ass eng US-amerikanesch Sopranistin mat italieeneschen Originnen. Si huet 1945 déi US-amerikanesch Nationalitéit ugeholl.

Hire Bünendebut hat si 1934 am Stadtheater vu Bari ënner dem Numm Alicia Albanese an der Roll vun der Mimi am Puccini senger Oper La Bohème. E Joer drop war si an der Arena zu Verona ze héieren an am Teatro alla Scala zu Mailand als Lauretta, d'Meedche vun der Titelfigur, am Puccini senger Gianni Schicchi; mam Benjamino Gigli als Partner.

No enger Karriär an Italien a munnechen Optrëtter zu London ass d'Licia Albanese 1940 an d'MET op New York beruff ginn. Do war hir éischt Roll d'Cio-Cio-San an der Madama Butterfly. Dee ganz grousse Succès hat si do mat hirer La Traviata vum Verdi.

Den Arturo Toscanini, dee ganz pipeg war mat der Auswiel vu senge Sänger, huet hir d'Haaptrollen ze sange ginn an de Radiosopnamen 1946 vu senger Traviata an der Bohème, déi méi spéit op Plack bei RCA erauskoumen.