Ließem (Äifel)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ließem
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Bitburger Land
Awunner 75 (31. Dezember 2022)
Fläch 2,99 km²
Héicht 308 m
Koordinaten 50° 1’ 28.31’’ N
      6° 28’ 49.91’’ O
Telefonszon 06569
Postcode 54636
Websäit http://www.bitburgerland.de


Ließem ass eng däitsch Uertschaft an Uertsgemeng an der Äifel. Si gehéiert zu der Verbandsgemeng Bitburger Land a Rheinland-Pfalz.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ließem läit an der Südwestäifel, ca. 10 km nordwestlech vu Béibrech. Den Ehlenzbach, en Niewefloss vun der Nims, leeft duerch d'Uertschaft. Zu Ließem gehéieren och d'Lieu-diten Heidthof an Aussiedlung Ritter, an en Deel vu Rittersdell.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1016 gouf et als Liudesheim eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. 1316 goung rieds vun engem Schlass Leyseim als lëtzebuergesche Lehenssëtz vum Grof vu Schönecken. Dat koum méi spéit an de Besëtz vum Tréierer Kurfürst Balduin vun Tréier, dee s'an der Mëtt vum 14. Joerhonnert zerstéiere gelooss huet. Se gouf awer dono nees opgebaut.

D'Herrschaft Ließem huet bis zum Enn vum 18. Joerhonnert zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert. Tëscht 1795 an 1814 huet Ließem zu der Franséischer Republik, dono zum Franséische Keesserräich gehéiert, a war en Deel vum Département des Forêts. D'Ließemer Buerg gouf 1803 de Sëtz vun der Märei vu Biersdorf. 1816 gouf dee ganze Streech preisesch. 1856 gouf d'Bürgermeisterei Biersdorf vun der Bürgemeisterei Bickendorf ofgeléist, an dës gouf 1970, am Kader vun der rheinland-pfälzescher Gemengereform, mat 4 aneren zu der Verbandsgemeng Béibreg-Land zesummegeluecht. Zanter dem 1. Juli 2014 gehéiert d'Gemeng zur Verbandsgemeng Bitburger Land.

1473 goufen dräi Feierplazen do gezielt, kuerz dono waren et der just nach zwou. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert hunn do 76 Leit an 9 Haiser gewunnt. Bis 1895 goung d'Awunnerzuel op 110 erop, goung dann no an no bis an d'1970er-Joren op ronn 80 zeréck, fir dann nees lues eropzegoen. Se läit haut bei 81 (2012).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ließem (Äifel) – Biller, Videoen oder Audiodateien