Léiffraekierch (Tréier)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Liebfrauenkirche (Tréier))
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Léiffraekierch vun der Doumplaz aus gesinn

Déi am 13. Joerhonnert direkt nieft dem Péitersdoum gebaut Léiffraekierch zu Tréier gëllt als déi eelst gotesch Kierch an Däitschland.

Den Äerzbëschof Theoderich von Wied huet ëm 1230 mam Bau vun der Kierch ugefaangen, ier him no e puer Joer déi finanziell Mëttel ausgaange sinn. Doropshin ass am Joer 1243 an der Diözees vu Köln eng Kollekt gemaach gi fir déi Tréierer Kierch fäerdeg ze bauen. Dat kräizfërmegt reliéist Gebai steet, wéi Ausgruewunge beweise konnten, op réimesche Sailefëllementer vun enger Kierch aus dem 4. Joerhonnert

Zanter 1986 steet d'Léiffraekierch zesumme mam Doum an de réimesche Kulturmonumenter vun Tréier op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léiffraekierch – Biller, Videoen oder Audiodateien