Bellevaux-Ligneuville

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ligneuville)
Bellevaux-Ligneuville
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Malmedy
Fläch 3.832
Koordinaten 50°22'34"N, 6°3'25"O
Postcode 4960

Bellevaux-Ligneuville ass eng fréier belsch Gemeng an der Provënz Léck déi zanter der belscher Gemengereform vun 1977 eng Sektioun vun der Gemeng Malmedy ass.

Déi zwou gréisst Uertschafte si Bellevaux a Ligneuville. Dertëscht leien nach déi kleng Dierfer Pont, Reculemont a Lasnenville.

Bellevaux[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten: 50° 23’ 21’’ N 06° 00’ 38’’ O

Bellevaux läit an engem Südhank um rietsen Uwänner vun der Amblève.

Kuckeswäert an der Uertschaft sinn d'Kierch vu 143 déi dem Hl. Aubin geweit ass, d'Maison Maraite aus dem Joer 1592, an déi al Mille vun 1387, déi 1963 fir d'lescht gemuelen huet. Op der Westgrenz vun der Uertschaft leeft d'Warche déi um Lieu-dit Tiôu, ënner dem Viaduc vu Bellevaux an d'Amblève leeft. Z'ernimme sinn nach d'Bummenziichtereien, d'Brauerei vu Bellevaux, an d'Fielse laanscht d'Warche an deene Biergkloterer trainéiere kënnen.

Aus der Geschicht ass Bellevaux ënner verschiddenen Nimm bekannt: Géint 1131 ass et als Belluois ernimmt, 1210 als Belevaz. Op Wallounesch heescht et Belvâ, an déi Zäit wéi et zu Preisen gehéiert huet gouf et Schönenthal genannt.

Bellevaux vu Reculemont aus gesinn

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Bellevaux huet zanter dem 7. Joerhonnert der Abtei Stavelot gehéiert, a vum 9. Joerhonnert un, hunn d'Lännereien um lénksen Uwänner vun der Amblève zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert. Am 10. Joerhonnert hunn d'Äbt vu Stavelot déi déizäit do d'Soen haten, aus Bellevaux eng Seigneurerie gemaach déi eng Sektioun vun der Meierei Malmedy am Fürstentum Stavelot-Malmedy war. Am 18. Joerhonnert goufen déi Lännereien opgespléckt a Bellevaux gouf 1796 ënner de Fransousen, eng eegestänneg Gemeng am Departement Ourthe.

Nom Wiener Kongress 1815 gouf et vun de Preisen am Ufank als eege Gemeng an duerno vum 10. Mee 1872 bis nom Éischte Weltkrich vu Recht aus verwalt, awer ouni als Sektioun un déi Gemeng ugeschloss ze sinn.

1922 di Ligneuville a Bellevaux sech zesumme fir eng Gemeng ze forméieren, déi bis 1977 gehalen huet.

Kuckeswäertes:

  • Déi nei Brauerei déi 2006 opgeriicht gouf.
  • d''Maiso Maraitte, e Fachwierkhaus vu 1592.

Ligneuville[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten: 50° 22’ 29’’ N 06° 03’ 18’’ O

Ligneuville, op Däitsch Engelsdorf läit am Dall vun der Amblève, tëscht Koppen op deenen haaptsächlech Bëscher stinn. D'Uertschaft déi vun der Landwirtschaft markéiert ass, ass haaptsächlech bekannt wéinst hire Frellenziichtereien, a krut 1984 den Titel Capitale de la Truite.

Um Kierfecht vu Ligneuville ass de Monsieur Hawarden, alias Mériora Gillibrand begruewen, e Personnage op deem seng Geschicht sech dem Harry Kümel säi Film mat dem selwechten Numm baséiert.

D'Kierch aus dem Duerf ass vun 1910, a gouf wéinst Krichsschied, nom Zweete Weltkrich restauréiert.

Pont[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten: 50° 22’ 00’’ N 06° 02’ 14’’ O

Pont ass eng kleng Uertschaft westlech vu Ligneuville am Dall vun der Amblève. Si krut hiren Numm wéinst der Bréck déi do um Thier d'Amblève iwwer d'Amblève féiert.

Kuckeswäertes zu Pont ass de Parc mat ville bemierkenswäerte Beem, an deem eng Mariegrott steet, d'Frellenziichterei, d'Maison Micha, an d'Donatuskapell vu 1752.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Pont huet wéi déi aner Uertschaften an der Gemeng zu der Abtei Stavelot gehéiert, a gouf dunn am 9. Joerhonnert opgespléckt. Een Dell ass bei Stavelot bliwwen, an deen anere koum bei d'Grofschaft a spéidert Herzogtum Lëtzebuerg. Déi Parti déi um rietsen Uwänner vun der Amblève louch koum bei d'Cour de Bütgenbach a gouf 1801 un déi deemools nei Gemeng Bellevaux ugeschloss, déi hirersäits duerno ënner dem preisesche Regime vu Recht aus verwalt gouf.

Den 1. Januar 1922 gouf Pont duerch eng Decisioun vum Haut commissariat royal un déi deemools neigegrënnt Gemeng Bellevaux-Ligneuville ugeschloss.

Reculemont[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten: 50° 22’ 53’’ N 06° 01’ 34’’ O

Lasnenville[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten: 50° 23’ 02’’ N° 06’ 01’’ 01

Lasnenville läit am Weste vu Ligneuville um rietsen Uwänner vun der Amblève.

Den Numm vun der Uerschfaft deen afgeleet ass vum Domaine rural de Lasnulf huet am Laf vun der Geschicht e puermol geännert. Sou huet se eng Zäit Lasninville geheescht, an d'Preisen hate se op Lasneuville gedeeft.

Kuckeswäertes:

  • Fasanen- an Intenziichterei.
  • Steebroch vun der Dethier S.p.r.l. an deem all Joer ronn 60.000 Tonne Quarzit exploitéiert ginn.

Aner Plazen a kleng Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

  • Belvedère
  • Borgueuse Hé
  • Chafheid
  • Chevofosse
  • Cligneval
  • Géroville
  • Haye
  • Lamonriville
  • Planche
  • Roba
  • Ronxhy (augeschwat: Ronhi)
  • Thioux (op Wallounesch Tiôu))
  • Warche
  • Waud
  • Wavreumont
  • Xhonruy (ausgeschwat: Honruy)
Uertschaften an der Gemeng Malmedy

Sektiounen: Bellevaux-LigneuvilleBévercéMalmedy
Aner Uertschaften: Arimont · Baugnez · Bernister · Boussire · Burnenville · Chevofosse · Chôdes · Cligneval · Falize · Floriheid · Gdoumont · Géromont · Gohimont · Hédomont · Lamonriville · Lasnenville · Longfaye · Meiz · Mont · Planche · Pont · Reculemont · Ronxhy · Warche · Winbomont · Xhoffraix

Referenzen[Quelltext änneren]