Op den Inhalt sprangen

Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer
„Gaart an Heem“ zu Beggen
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 1928
Memberen 19.511 (2018)
Sëtz Lëtzebuerg
  97, rue de Bonnevoie
President Martine Mergen
Generalsekretär Charel Siweck
Tresorière Marianne Kollmesch

D'Liga Gaart an Heem (fr. Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer, ofgekierzt CTF), allgemeng als Gaart an Heem bekannt, ass eng lëtzebuergesch Liga déi sech fir d'Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung asetzt.

Duerch e Règlement ministériel ass se zanter dem 28. Februar 1993 als staatlech Naturschutzvereenegung unerkannt a mam Arrêté grand-ducal vum 20 Juni 2024 krut s'och de Statut vum allgemengen Notzen (utilité publique).

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptziler vum Veräin sinn:

  • La promotion de l'horticulture et de la culture fruitière en tant qu'activité de loisir.
  • La promotion de l'acquisition de terrains permanents par les sections pour la création de jardins communautaires. (Cités Jardinières)
  • La promotion de l'acquisition de jardins privés et d'habitations.
  • L'enrichissement de la vie familiale et l'embellissement de la maison familiale. La création et l'entretien d'espaces verts et de jardins de fleurs dans les zones résidentielles afin d'améliorer les conditions de vie.
  • L'embellissement des villages et la préservation de leur substance.
  • La promotion de la vie associative et culturelle.
  • La préservation d'un environnement naturel et sain, ainsi que la connaissance de la nature et de ses contextes.“

D'Liga ass 1928 aus der Fusioun vun den dräi Associatiounen „Coin de Terre et du Foyer“, „Cercle Horticole“ an „Amis de la Fleur“ entstanen. Se setzt sech aus lokale Sektiounen, déi als landwirtschaftlech Genossenschafte unerkannt sinn, zesummen. E puer vun dëse Sektiounen hu sech mëttlerweil als Asbl registréiere gelooss an op de Privileeg vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft verzicht.

2018 bestoung d'Liga aus 111 Sektioune mat ronn 19.511 Memberen[1].

Gaart an Heem (Zäitschrëft)

[änneren | Quelltext änneren]
Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer
Zäitschrëft Gaart an Heem
Typ Zäitschrëft
Éischt Ausgab 1928
Land Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Sujeten Gaardenaarbecht
Websäit ctf.lu

D'CTF gëtt eng Zäitschrëft fir hir Memberen eraus, déi Gaart an Heem heescht, sou wéi d'Liga am Volleksmond genannt gëtt. Si kënnt sechsmol d'Joer eraus.

 Commons: Gaart an Heem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Organigramm op der Websäit vum Gaart an Heem, fir d'lescht gekuckt de 15. August 2018