Liichtathleetiksstadion zu Hamm
| Plaz | Hamm |
|---|---|
| Adress | 157b, rue de Hamm |
| Baujoer | 2026 – 2029 |
| Koordinaten | 6° 09′ 33,4″ E |
| Capacitéit | |
| Sëtzplazen | 1.267 (+ 1.000) |
|
| |
De Liichtathletiksstadion zu Hamm ass eng geplangt Sportsinfrastruktur zu Hamm an der Stad Lëtzebuerg, déi op engem Areal vun 12 Hektar tëscht der Rue de Hamm an der Rue des Peupliers fir d'Liichtathleetik an d'Gewiichthiewe gebaut gëtt. De Stadion ass en Deel vun enger laangfristeger urbanistescher a sportspolitescher Strategie vun der Stad Lëtzebuerg fir ë. a. de vereelzte Josy-Barthel-Stadion op der Areler Strooss z'ersetzen.
D'Ouverture vum Stadion ass fir 2029 virgesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An der Legislaturperiod 2017–2023 hat de Stater Schäfferot ugekënnegt, e moderne Liichtathletiksstadion wëllen ze bauen, absënns well de Stadion um Belair als net méi adequat agestuuft gouf. Mam Projet zu Hamm, sollen engersäits héichwäerteg Trainings- a Competitiounsinfrastrukturen geschaaft ginn an anersäits kann den Areal op der Areler Strooss da gebraucht gi fir den neie Wunnquartier Stade ze realiséieren.
De Projet steet am Kontext vum Ausbau vun der Stad hirer Strategie am Sport, déi drop ausgeriicht ass, méi grouss international Manifestatioune kënnen z'empfänken – dorënner d'Spiller vun de klenge Länner am Joer 2029.
Den 28. Februar 2022 krut de Sportsservice den Accord vum Schäfferot fir iwwer eng Ausschreiwung e Coordinateur fir de Bau erauszesichen, e gutt Joer duerno gouf d'Soumissioun lancéiert fir d'Maîtrise d'œuvre ze definéieren an de 24. Januar 2025 krut den Avant-projet den Accord vum Gemengerot. An de Sëtzunge vum 20. Oktober[1] an dem 19. Dezember 2025[2] goufen déi zwou Bauphase vum Projet, mat engem Budget vun am Ganzen 127 Milliounen Euro vum Gemengerot ugeholl.
D'Bauaarbechten hunn am Fréijoer 2026 ugefaangen.
Bauphasen
[änneren | Quelltext änneren]De Projet ass a dräi Haaptphasen agedeelt:
- Phas: 2026 – 2027: Preparatioun vum Terrain;
- Phas: vum Hierscht 2026 un: Bau vum Stadion, dem Park an de Bushalten;
- Phas: Bau vun zwéi Foussballsterrainen, de Sportshalen an den zousätzlechen Infrastrukturen.
Sportsinfrastrukturen
[änneren | Quelltext änneren]Liichtathleetiksterrainen
[änneren | Quelltext änneren]De Komplex begräift zwou 400-Meter-Pisten:
- eng Trainingspist mat 4 Couloiren;
- eng Pist mat 8 Couloire fir Competitiounen, déi fir déi héchst Klassifikatioun “World Athletics Construction Category 1” ausgeluecht gëtt, fir datt do offiziell Kompetitiounen organiséiert kënne ginn.
Spectateuren
[änneren | Quelltext änneren]- fest Gradine mat 400 Sëtzplazen;
- fest iwwerdaacht Gradinen, déi un d'Haaptgebai ugebaut ginn, mat 867 Plazen;
- mobil Gradine mat 1.000 Plazen.
Haaptgebai
[änneren | Quelltext änneren]D’Haaptgebai tëscht den zwéi baussenzegen Terraine spillt eng zentral Roll a begräift:
- eng Sportshal vu 5.500 m², déi een am Summer kann op- an am Wanter zoumaachen an déi – fir optimal Trainingsbedingungen – op 17 °C ka gehëtzt ginn. Se ass absënns fir Disziplinne wéi: Lafen, Stafhéichsprong, Héichsprong, Wäitsprong, Speerwerfen, Diskuswerfen, Bommstoussen an Hummerwerfe virgesinn; d'Hal kann awer och fir aner Sportaarte wéi Gymnastik a Badminton benotzt ginn;
- zwou Multisportshalen;
- Büroe fir d'Sportsclubben.
Energieeffizienz
[änneren | Quelltext änneren]De flaachen Daach vum Gebai gëtt mat enger Fotovoltaikanlag ekipéiert, mat där eng geschat Joresproduktioun vu ronn 1.000 kWh ka produzéiert ginn.
Ëmgéigend a Landschaftsarchitekur
[änneren | Quelltext änneren]Zum Areal gehéieren nieft de reng sportlechen Infrastrukturen:
- e Park vun 1,8 Ha;
- Spillplaze fir Kanner a Jugendlecher;
- eng Finnesch Lafpist aus Holzspéin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Amélie Viel, Le futur stade d'athlétisme de Hamm se dessine, City, 04.2026, vdl.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Devis de travaux – Projet définitif détaillé relatif à la première phase de construction (BA1) du stade d'athlétisme et de terrains de football sis à Hamm. vdl.lu (20.10.2025). Gekuckt den 13.04.2026.
- ↑ (fr) Devis de travaux – Projet définitif détaillé relatif à la réalisation de la phase 2 concernant le stade d’athlétisme dans le cadre du projet de construction du nouveau complexe sportif sis 157B, rue de Hamm à Luxembourg-Hamm. vdl.lu (19.12.2025). Gekuckt den 13.04.2026.
