Liichtrefraktioun

Vu Wikipedia
Refraktioun (ënneschte Liichtstral) a Reflexioun (ieweschte Liichtstral) vun engem Liichtstral am Plexiglas-Hallefkreeskierper.
Refraktioun.
Refraktioun bei Waasserdrëpsen, déi wéi eng Sammellëns wirken (Motiv: Golden Gate Bridge)

D'Refraktioun bezeechent d'Ännerung vun der Ausbreedungsrichtung vun enger Well wéinst enger raimlech bedingter Ännerung vun hirer Ausbreedungsvitess, déi speziell fir Liichtwellen mam Refraktiounssindex n vun engem Medium beschriwwe gëtt. Allgemeng trëtt eng Refraktioun bei jiddwer Aart vu Well op, déi sech a méi wéi enger Dimensioun ausbreet, wéi z. B. bei Schallwellen, opteschen a seismesche Wellen.

D'Refraktion ass, anescht wéi d'Diffrakioun, Géigestand vun der Stralenoptik, déi fir Strukture gëllt, déi grouss am Verglach zu der Wellelängt sinn. Op de Grenzflächen entsteet duerch d'Refraktioun e Knéck am Stral, deen duerch d'Refraktiounsgesetz beschriwwe gëtt. Bei kontinuéierlecher Ännerung vun der Ausbreedungsvitess ginn d'Strale gekrëmmt, kuckt astronomesch Refraktioun. A béide Fäll gëllt de Fermat-Prinzip, nodeem d'Stralen de Wee vun der minimaalster Lafzäit resp. Längt huelen.

D'Ofhängegkeet vun der Refraktioun vun der Wellelängt (bei Liicht also vun der Faarf) heescht Dispersioun.

Anisotroopt Material ass duebelrefraktär, dat heescht, d'Deeler vun enger Well ginn an Ofhängegkeet vun hirer Polarisatioun ënnerschiddlech (staark) refraktéiert.

Uwendunge[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt vill Forme vu Wellerefraktioun an der Natur. D'Bildserie weist wéi d'Form vun engem Staf duerch Liichtrefraktioun verännert erschéngt, nodeem an d'Waasser gedaucht gëtt. Dofir verlaangt et e bëssi Übung, fir Fësch, vun der Uewerfläch aus, am Waasser z'ergräifen.

D'Refraktioun vun elektromagnéitesche Wellen a speziell déi vum Liicht huet grouss Bedeitung an der technescher Optik. Si bestëmmt d'Funktioun vu Prismen a Lënsen.

Un Iwwergäng tëscht Material vun ënnerschiddlecher Schallvitess gi seismesch Welle a charakteristesch refraktéiert. Geophysiker benotzen dofir d'Refraktioun vu Wellen déi vun Ärdbiewen ausgeléist goufen, fir den Opbau vum Äerdkär z'ënnersichen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Refraction – Biller, Videoen oder Audiodateien