Liichttuerm vun Agde
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Frankräich |
| Departement | Hérault |
| Regioun/Gemeng |
Agde, Departement Hérault |
| Läit um Waasser |
Golfe du Lion, Mëttelmier |
| Koordinaten |
43° 17’ 53.99’’ N 03° 30’ 10.81’’ O |
| Geographesch Héicht | 140 m |
| Héicht | 14 m |
| Status | Monument historique (Frankräich) |
| Datum vum Bau | 1836 |
| A Betrib geholl | 1. Mee 1836 |
| Ausser Betrib gesat | 1903 |
| Proprietär | franséische Staat |
| Technesch Donnéeën | |
| Héicht vum Liichtfeier | 14 m |
| Optik | Fresnel-Lëns |
| Ka besicht ginn | Neen |
| Bewunnt | Neen |
|
| |

De Liichttuerm vun Agde oder Liichttuerm vum Mont Saint-Loup (fr. phare du Mont-Saint-Loup oder sémaphore du Mont Saint-Loup) ass e fréiere Liichttuerm um Mont Saint-Loup bei Agde am franséischen Departement Hérault.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Liichttuerm gouf tëscht 1834 an 1836 am Kader vum Édouard de Rossel (1765 – 1825) sengem Programm vun den 51 Liichttierm gebaut, deen 1825 initiéiert gouf. Dëse Projet hat zum Zil, d'Beliichtung vun de franséische Küsten ze stäerken. De Liichttuerm war 14 m. héich a gouf ënnert der Opsiicht vum Ingenieur Lemoyen vun der Firma Alexandre Armand fils et Corine gebaut. En hat eng funktionell a robust Architektur, déi typesch fir déi éischt grouss mediterran Liichttierm war: e quadrateschen Tuerm, dee vun aacht Raim ëmginn ass, dorënner eng Kichen an e Refectoire an dat Ganzt mat enger décker Maueren aus Basalt ronderëm, wat un eng militäresch Redoute erënnert.
De Phar vum Mont Saint-Loup hat ursprénglech e Gardshaischen an e Raum fir dat technescht Ekipement. Vum Hall aus féiert eng zentral Trap an den Observatiounsraum, iwwer deem de Maschinneraum amenagéiert war. Am Keller war eng Zëttär.
Wéi am Joer 1903 de Liichttuerm vum Mont Saint-Clair zu Sète opgaangen ass, huet dee vun Agde seng Beliichtungsfunktioun verluer an e gouf vun der franséischer Marinn an e Semaphor ëmgebaut a bis 1970 benotzt. Méi spéit gouf e vun der Generaldirektioun fir d'Schëfffaart benotzt, 1988 renovéiert an am Joer 2000 schliisslech fir zerguttst zougemaach.
Zënter …[Wéini?] ass et en Iwwerwaachungsposte fir Bëschbränn vun de Pompjeeën aus dem Hérault[1].
Mam Arrêté vum 12 Oktober 2011 gouf de ganze Site vum fréiere Liichttuerm als historescht Monument klasséiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Liichttuerm vun Agde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Quelle vum Artikel
[änneren | Quelltext änneren]- Ancien phare du Mont-Saint-Loup op pop.culture.gouv.fr
- Ancien phare du Mont-Saint-Loup à Agde dans l'Hérault op museedupatrimoine.fr
- Les sentinelles de mer – Mont Saint-Loup op detienne.net
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Informatiounsschëld op der Plaz (gesinn am Mäerz 2026)
