Liliane Becker
Liliane Becker | |
---|---|
Gebuer |
9. November 1942 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 14. September 1981 |
Doudesursaach | Autosaccident |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
Veräin/Ekipp | Gym |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
D'Liliane Becker, gebuer den 9. November 1942 an der Stad, a gestuerwen de 14. September 1981 zu Nanzeg, war eng lëtzebuergesch Turnerin an Olympionickin.[1]
Liewen[2]
[änneren | Quelltext änneren]D'Liliane Becker huet bei der Gym zu Bouneweg mat turnen ugefaangen, ier se bei de „Avenir“ op Déifferdeng gewiesselt ass an do am Veräi vun der Yvonne Stoffel trainéiert huet. Fir den Déifferdenger Club war d'Liliane Becker zweemol Lëtzebuerger Meeschterin, 1959 an 1960. Zesumme mat der Yvonne Stoffel huet si 1960, am Alter vu 17 Joer, Lëtzebuerg bei den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden[3]. Se koum op déi 98. Plaz ënnert 124 Konkurrentinnen.
Den 13. September 1981 gouf si an engem Autosaccident bei Bous schwéier blesséiert. Se gouf an e Spidol op Nanzeg transportéiert, wou si awer den Dag drop gestuerwen ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Liliane Becker op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ D'liliane Becker op der Websäit vu sports-reference.com