Limes Luxemburgensis
De Limes Luxemburgensis (LL) war eng Grenzlinn am Bambësch, déi d'Limitt vun der Stad Lëtzebuerg markéiert huet. Se bestoung aus enger Serie vu 94 stenge Maarken, déi am September an Oktober 1772 ënnert der Maria Theresia vun Éisträich, déi och Herzogin vu Lëtzebuerg war, vum Festungsingenieur Nicolas de Jamez opgestallt goufen.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Op all Maark war eng Opschrëft: eng fortlafent Nummer (vun 1 bis 94), drënner d'Buschtawen LL an d'Joreszuel 1772. D'Maarke goufen sou opgestallt, datt d'Opschrëft a Richtung vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt huet. Vun den ursprénglech 94 Maarke bestinn der nach 63. Déi meescht Maarke sti laanscht engem Wee a si liicht ze gesinn. Déi, déi net direkt bei engem Wee mä am Bësch stinn, si geleeëntlech méi schwéier accessibel, absënns wéinst der dichter Vegetatioun.
Haaptsächlech déi éischt (Nummer 1 bis 16) an déi lescht (Nummer 89 bis 94) Maarke vum LL feelen, sief et well Stroossen an Haiser gebaut goufen (Reckendall an zum Deel d'Autobunn A6) oder well d'Landschaft ugepasst gouf am Beräich vum Tipp (Centre régional pour déchets inertes) um Schleedbierg.
De Limes Luxemburgensis ass keen zouene Krees, well et kee Sënn gemaach huet de Rollengergronn a Richtung Stad ze delimitéieren. D'Maarke goufen an der Moyenne all 84 Meter placéiert, d'Distanz variéiert awer tëscht 41 an 220 Meter. Déi ganz Längt vum LL – vun der éischter bis bei déi lescht Maark – beleeft sech op 9.098,52 Meter oder 4.668,3 Toisen, déi al franséisch Moosseenheet, déi op der Kaart gebraucht gouf, déi och 1772 opgestallt gouf. Dobäi kommen nach zirka 1.600 m vum Deel am Rollengergronn deen net demarkéiert ass, sou datt de Limes Luxemburgensis op eng Längt vun am Ganze ronn 10.700 m kënnt.
Dräi Häre Maarken
[änneren | Quelltext änneren]Um Punkt am Bambësch, wou d'Grenz vun der haiteger Gemeng Lëtzebuerg op déi vun de Gemenge Stroossen a Koplescht stéisst, stinn déi sougenannt « Dräi Häre Maarken »: der LL-Kaart vu 1772 no, handelt sech ëm en administrativen « Dräilännereck » wou d'Bëscher vun der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Stroossen an dee vun « Hirer Majestéit » Maria Theresia (SM « Sa Majesté ») openee gestouss sinn. Et si véier Maarken: eng dräieckeg fir den Dräilännereck an eng fir all administrativ Sektioun. Just d'Nummer 40 gehéiert zum LL.
LL-Kaart
[änneren | Quelltext änneren]Déi ursprénglech 94 Maarke sinn an enger Kaart agedroen déi 1772 an zwéin Exemplaire gezeechent gouf. Op dëser « Carte particuliere des limites et Séparaation du Bambusch bois appartenant à la Ville de Luxembourg avec les abornements qui ont été faits aux mois de septembre et octobre 1772 », déi op de 25. Oktober 1772 datéiert a vun ë. a. dem Nicolas de Jamez ënnerschriwwen ass, sinn d'LL-Maarken 1-94 grad wéi d'Rollengergrënnesch Maarken 43-46 agezeechent.
D'Kardinalpunkten sinn op der Kaart mat den ale franséischen Nimm Septentrion (Norden), Midi (Süden), Orient (Osten) an Occident (Westen) uginn, woubäi de Westen an den Oste vertosch goufen!
Lëscht vun de Maarken
[änneren | Quelltext änneren]Nr | m | t | Koordinaten[1] | Foto Maark | Foto Ëmgéigend | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | 141 | 72,2 | Besteet net méi | |||
2 | 112 | 57,3 | Besteet net méi | |||
3 | 136 | 70,0 | Besteet net méi | |||
4 | 139 | 71,4 | Besteet net méi | |||
5 | 199 | 102,2 | Besteet net méi | |||
6 | 183 | 94,0 | Besteet net méi | |||
7 | 209 | 107,0 | Besteet net méi | |||
8 | 141 | 72,2 | Besteet net méi | |||
9 | 191 | 98,0 | Besteet net méi | |||
10 | 220 | 113,0 | Besteet net méi | |||
11 | 178 | 91,3 | Besteet net méi | |||
12 | 135 | 69,3 | Besteet net méi | |||
13 | 197 | 101,0 | Besteet net méi | |||
14 | 175 | 90,0 | Besteet net méi | |||
15 | 51 | 26,2 | Besteet net méi | |||
16 | 80 | 41,3 | Besteet net méi | |||
17 | 143 | 73,2 | Besteet net méi | |||
18 | 170 | 87,0 | ||||
19 | 174 | 89,2 | ||||
20 | 86 | 44,2 | ||||
21 | 92 | 47,2 | Net ze gesinn (an der Vegetatioun verstoppt) | |||
22 | 82 | 42,0 | ||||
23 | 71 | 36,3 | ||||
24 | 105 | 54,0 | ||||
25 | 104 | 53,3 | ||||
26 | 80 | 41,0 | ||||
27 | 72 | 37,0 | Net direkt beim Wee; Accès problematesch | |||
28 | 82 | 42,0 | Net direkt beim Wee; Accès problematesch | |||
29 | 68 | 35,0 | Net direkt beim Wee; Accès problematesch | |||
30 | 96 | 49,2 | Net direkt beim Wee; Accès problematesch | |||
31 | 79 | 40,3 | ||||
32 | 82 | 42,0 | ||||
33 | 84 | 43,3 | D'Opschrëft kuckt an déi falsch Richtung. Et ass unzehuelen, datt d'Maark am Laf vun de Joren op déi lénks Säit vum Wee geréckelt an hannevir opgeriicht gouf | |||
34 | 101 | 52,0 | ||||
35 | 67 | 34,3 | Eng Kopie vun der Maark steet um Devashaff | |||
36 | 70 | 36,0 | ||||
37 | 58 | 30,0 | ||||
38 | 62 | 32,0 | ||||
39 | 77 | 39,3 | Ronn 40 m nieft dem Wee, Accès problematesch | |||
40 | 62 | 32,0 | « Dräi Häre Maarken »: der LL-Kaart vu 1772 no, handelt sech ëm en administrativen « Dräilännereck » wou d'Bëscher vun der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Stroossen an dee vun « Hirer Majestéit » Maria Theresia (SM « sa Majesté ») openee gestouss sinn. Hei sti véier Maarken: eng dräieckeg (Dräilännereck) an eng fir all administrativ Sektioun. Just d'Nummer 40 gehéiert zum LL | |||
41 | 43 | 22,0 | D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad | |||
42 | 88 | 45,0 | D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad | |||
43 | 94 | 48,0 | D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad | |||
44 | 76 | 39,0 | D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad | |||
45 | 76 | 39,0 | ||||
46 | 82 | 42,3 | ||||
47 | 84 | 43,0 | Nieft dem Wee, an der Vegetatioun verstoppt | |||
48 | 88 | 45,0 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
49 | 90 | 46,0 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
50 | 84 | 43,0 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
51 | 86 | 44,3 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
52 | 82 | 42,0 | Net ze gesinn (an der Vegetatioun verstoppt) | |||
53 | 90 | 46,2 | ||||
54 | 86 | 44,3 | ||||
55 | 96 | 49,0 | ||||
56 | 80 | 41,3 | Net ze gesinn (an der Vegetatioun verstoppt) | |||
57 | 109 | 56,0 | Opschrëft net méi liesbar | |||
58 | 67 | 34,3 | ||||
59 | 74 | 38,0 | Zousätzlech Opschrëft: « CC 1997 ». D'Maark gesäit sech rezent un, sou datt se warscheinlech 1997 ersat gouf | |||
60 | 92 | 47,0 | Zousätzlech Opschrëft: « CC 1997 ». D'Maark gesäit sech rezent un, sou datt se warscheinlech 1997 ersat gouf | |||
61 | 92 | 47,0 | Besteet net méi | |||
62 | 96 | 49,0 | ||||
63 | 69 | 35,3 | ||||
64 | 63 | 32,2 | ||||
65 | 53 | 27,0 | ||||
66 | 97 | 50,0 | Besteet net méi | |||
67 | 82 | 42,2 | ||||
68 | 66 | 34,0 | Besteet net méi | |||
69 | 66 | 34,1 | ||||
70 | 88 | 45,0 | D'Maark ass ëm e puer Meter verréckelt ginn | |||
71 | 55 | 28,0 | ||||
72 | 41 | 21,0 | D'Maark ass deelweis vergruewen an d'Opschrëft ass net ze gesinn | |||
73 | 92 | 47,0 | ||||
74 | 72 | 36,9 | ||||
75 | 84 | 43,0 | ||||
76 | 70 | 36,0 | ||||
77 | 69 | 35,3 | ||||
78 | 74 | 38,0 | ||||
79 | 133 | 68,0 | ||||
80 | 62 | 32,0 | Opschrëft net méi liesbar | |||
81 | 51 | 26,2 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
82 | 77 | 39,3 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
83 | 82 | 42,0 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
84 | 78 | 40,2 | D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad | |||
85 | 63 | 32,3 | An engem zouenen Haff; betseet se nach? | |||
86 | 66 | 34,0 | D'Maark steet an engem Gruef. Warscheinlech stoung se ursprénglech nieft dem Wee a gouf verréckelt fir e Buer ze bauen, deen haut net méi besteet | |||
87 | 92 | 47,4 | ||||
88 | 86 | 44,0 | Kopie mat der zousätzlecher Opschrëft: « CC 1997 ». Déi original Maark ass am Depot vum Lëtzebuerg City Museum | |||
89 | 99 | 51,0 | Besteet net méi | |||
90 | 207 | 106,0 | Besteet net méi | |||
91 | 142 | 73,0 | Besteet net méi | |||
92 | 142 | 73,0 | Besteet net méi | |||
93 | 70 | 36,0 | Besteet net méi | |||
94 | 113 | 58,1 | Besteet net méi |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Limes Luxemburgensis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit limes.lu (en) vum Manuel Tomas Carrasco Benitez
- Manuel Tomas Carrasco Benitez, Limes luxemburgensis (en) an Ons Stad 126/2022
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Koordinate si momentan net uginn, well se nach net definitiv ermëttelt goufen