Op den Inhalt sprangen

Linn (Verkéier)

Vu Wikipedia
Schema vun zwou Linnen (rout a gréng) déi tëscht de Punkten C an E op der selwechter Streck fueren.

Eng Linn ass am Persounen- an/oder Gidderverkéier d'Verbindung vun enger Rei geografesche Plazen, déi reegelméisseg vum ëffentlechen Transport (Zuch, Tram, Bus, Seelbunn, Schëff, Fliger, …) ugefuer ginn. D'Linn besteet entweeder all Dag oder just op verschiddene festgeluechten Deeg, zu am Viraus definéierten Zäiten. All Linn verbënnt op d'mannst zwou Halten, an dësem Fall Terminussen, an do dernieft sougenannt Tëschenhalten ënnerwee.

Am Géigesaz zur Linn bezitt sech den Ausdrock Streck (Eisebunnsstreck, Tramsstreck, …) just op de Fuerwee (d'Schinnen z. B.) tëscht zwou Plazen. Iwwer eng Streck kënne méi Linne fueren, oder och iwwerhaapt keng, iwwerdeems eng Linn iwwer méi wéi eng Streck fuere kann.

Mam Begrëff ligne de chemin de fer gëtt a franséischsproochege Länner de Begrëff „Eisebunnslinn“ och synonym fir „Eisebunnsstreck“ benotzt. D'lëtzebuergesch Eisebunnsverwaltung bezeechent d'Strecken och als ligne[1].

Wat de Reseau an d'Lag vun der zentraler Plaz ugeet, ënnerscheet een tëscht verschiddene Linnentypen:

  • eng Navett (och nach Shuttlebus oder Pendelbus): déi tëschent zwou Statiounen hin- an hierfiert;
  • Radiallinn: eng Linn déi aus engem Quartier / enger Uertschaft an den Uertszentrum fiert an do ophält;
  • Duerchmiesserlinn: eng Linn déi vun engem bestëmmte Punkt duerch den Uertszentrum bis op eng aner Plaz baussent dem Zentrum fiert an do ophält;
  • Tangentiallinn: eng Linn déi bannent engem oder méi Quartiere fiert, awer keng direkt Ubannung un den Zentrum huet;
  • Rénglinn (och nach Ronnlinn, Ronnfaart): speziellen Typ vun enger Linn, bei där d'Ufanksstatioun identesch mat der Endstatioun ass.

Buslinne kënnen zu verschiddenen Dageszäiten en ënnerschiddleche Linneverlaf hunn, fir esou besser Verbindungen zu Gebidder unzebidden, déi net de ganzen Dag gebraucht ginn (z. B. an Industriegebidder, bei Schoulen, asw.).

Linnebezeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi eenzel Linnen auserneenhalen ze kënnen, gëtt et verschidde Methode fir se ze bezeechnen:

  • Faarwen: zu den eelste Linnebezeechnunge gehéiere faarweg een- oder zweefaarweg Schëlter oder Symboler (wéi vun 1908 un och beim fréiere Stater Tram);
  • geometresch oder aner Symboler, deels zousätzlech zu de Faarwen;
  • Zifferen: d'Bezeechnung mat arabeschen Ziffere gëtt weltwäit am dackste gebraucht;
  • Buschtawen: méi seele wéi Zifferen, haaptsächlech well et manner Méiglechkeete wéi mat Ziffere gëtt.

Zousätzlech zu enger Bezeechnung mat Zifferen oder Buschtawe kann eng Linn oder eng Grupp vu Linnen nach eng spezifesch Faarf hunn, fir datt de Benotzer se besser erkennt oder fir z. B. Linnen ze kennzeechnen, déi op der selwechter Streck fueren.

 Commons: Linn (Verkéier) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2026, Version 1.0