Op den Inhalt sprangen

Lionel Jospin

Vu Wikipedia
Lionel Jospin
Gebuertsnumm Lionel Robert Jospin
Gebuer 12. Juli 1937
Meudon
Gestuerwen 22. Mäerz 2026
15. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale d'administration,
Institut d'études politiques de Paris,
Lycée Janson de Sailly
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser
Partei Parti socialiste
Fonctioun Premierminister vu Frankräich, Franséischen Educatiounsminister, Europadeputéierten
Auszeechnungen Grand-croix de la Légion d'honneur, Grand-croix de l'ordre national du Mérite, Commandeur des Palmes académiques, Offizéier vum Ordre national du Québec, Stär vu Rumänien, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen, Chevalier grand-croix vum Ordre du Mérite vun der italieenescher Republik, Honorary doctor of the Catholic University of Louvain
Famill
Bestuet mat Élisabeth Dannenmuller (1973–1993),
Sylviane Agacinski (1994–2026)
Papp Robert Jospin
Geschwëster Noëlle Châtelet

De Lionel Jospin, gebuer den 12. Juli 1937 zu Meudon, Departement Seine-et-Oise, haut Departement Hauts-de-Seine, a gestuerwen den 22. Mäerz 2026[1], war e franséische Politiker (PS). Hie war wärend der Drëtter Cohabitatioun vun 1997 bis 2002 Premierminister ënner dem Staatspresident Jacques Chirac.

Hien huet vun 1956 bis 1959 Politologie um Institut d'études politiques (Sciences po) zu Paräis, an 1961 an der ENA (École nationale d'administration) studéiert.

Doropshi krut hien an de Joren dono héich Posten an der Verwaltung vum Ausseministère, gouf dann 1978 Proff fir Ekonomie op der Universitéit Paris XI, a méi spéit Direkter vum Institut Universitaire de Technologie (IUT). 1981 gouf hien eng éischt Kéier an d'Nationalversammlung gewielt, an dat selwecht Joer, als Nofollger vum François Mitterrand, President (Premier secrétaire) vun der Sozialistescher Partei. Vun 1984 war hien Deputéierten am Europaparlament.

1988 bis 1992 war hie Minister fir Bildung. Dono huet hie sech mam Mitterrand an d'Hoer kritt, a gouf och bei de Parlamentswalen 1993 net erëmgewielt. 1995 huet hie sech als Spëtzekandidat vun de Sozialiste bei de Presidentewalen nees eropgeschafft, huet awer géint de Jacques Chirac am zweeten Tour verluer. Hie gouf nees Parteipresident, an huet 1997 eng Unioun vu Lénksparteie bei de Parlamentswalen zu enger Majoritéit gefouert. Hie gouf doropshin den 2. Juni 1997, an der drëtter sougenannter Cohabitatioun, Premierminister ënner dem biergerleche Jacques Chirac

Den 21. Abrëll 2002 war de Jospin nees Kandidat bei de Presidentschaftswalen. Hie koum awer just op déi drëtt Plaz, nom Jacques Chirac (19,9 %) an dem Jean-Marie Le Pen (17,9 %) mat 16,2 % vun de Stëmmen, a war domat eliminéiert. Hien ass doropshin als Premierminister zeréckgetrueden.

An de Joren dono huet hie sech, trotz sengem Réckzuch aus der Politik, nach geleeëntlech an Debatten zu Wuert gemellt.¨

Am Dezember 2014 gouf hien zum Member vum Conseil constitutionnel ernannt (bis 2019).[2]

2014 koum och säi Buch Le mal napoléonien eraus, andeem hien d'Mythe ronderëm den Napoléon Bonaparte demontéiert huet.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Le temps de répondre, entretiens avec Alain Duhamel, 2002.
  • Le monde comme je le vois, Paris 2005.
  • L’impasse, Paris 2007.
  • Lionel raconte Jospin. Entretiens avec Pierre Favier et Patrick Rotman, Paris 2010.
  • Le mal napoléonien, Paris 2014.
 Commons: Lionel Jospin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. {Lionel Jospin est mort à l'âge de 88 ans. rtl.fr, 23.03.2026.
  2. Conseil constitutionnel: Lionel Jospin va remplacer Jacques Barrot 20minutes.fr.