Little Joe (Rakéit)

Vu Wikipedia

D'Little-Joe-Rakéite si suborbital Rakéiten, déi fir d'Tester vun de Rettungssystemer fir d'Mercury- an d'Apollo-Raumschëffer benotzt goufen.

Déi mat Feststoffrakéitemotoren ugedriwwe Little-Joe-Rakéiten hate jee no gewënschtem Fluchprofil eng ënnerschiddlech Kombinatioun vu Rakéitemotoren, déi am Rakéitekierper montéiert waren.

Little Joe I[änneren | Quelltext änneren]

D'Little-Joe-I-Rakéit zu Wallops Island mat enger Mercury-Raumschëffattrapp.

D'Little-Joe-I-Rakéit gouf mat verschiddene Kombinatioune vu jee véier Recruit-Starthëllefsrakéiten an entweeder zwou oder véier Castor oder Pollux ausgerëscht. Siwe Flich (an ee Feelstart) goufe vun der Wallops Flight Facility gemaach. Op engem virprogramméierte Punkt vun der Fluchbunn gouf d'Mercury-Raumschëff ofgetrennt a vun hirer Rettungsrakéit vun der Little Joe ewechgedréckt. Dobäi war d'Fluchbunn sou, datt déi ofgetrennt Mercury-Landekapselen u Fallschiermer um Mier erof goungen. Ufanks war am Mercury-Programm geplangt, datt all Astronaute virun hiren eigentleche Raumflich en Trainingsfluch mat enger Little-Joe-Rakéit maache sollten, wat awer well et un der Zäit gefeelt huet, vum Programm gestrach gouf.

Startlëscht vu Little Joe I[änneren | Quelltext änneren]

Missioun Rakéitemotoren Start Dauer Crew Bemierkung
Mercury-Little-Joe 1 4 Pollux, 4 Recruit 21. August 1959 20 s onbemannt suborbitale Fluch, Feelzündung vum Rettungssystem virum Start
Mercury-Little-Joe 6 4 Pollux, 4 Recruit 4. Oktober 1959 5 min onbemannt suborbitale Fluch
Mercury-Little-Joe 1A 2 Pollux, 4 Recruit 4. November 1959 8 min onbemannt suborbitale Fluch, Feelstart
Mercury-Little-Joe 2 4 Castor, 4 Recruit 4. Dezember 1959 11 min Rhesusaf Sam suborbitale Fluch
Mercury-Little-Joe 1B 2 Pollux, 4 Recruit 21. Januar 1960 8 min Rhesusaf Miss Sam suborbitale Fluch
Mercury-Little-Joe 5 2 Pollux, 4 Recruit 8. November 1960 2 min onbemannt suborbitale Fluch, deelweis erfollegräich
Mercury-Little-Joe 5A 4 Castor, 4 Recruit 18. Mäerz 1961 23 min onbemannt suborbitale Fluch
Mercury-Little-Joe 5B 4 Castor, 4 Recruit 28. Abrëll 1961 5 min onbemannt suborbitale Fluch, deelweis erfollegräich

Little Joe II[änneren | Quelltext änneren]

Start vun enger Little Joe II Rakéit mat engem Apollo-Raumschëff

Bei där fir den Apollo-Programm vergréisserter Versioun Little Joe II ass och nees d'Recruit-Starthëllefsrakéit benotzt ginn. Als Haaptdreifwierker goufen awer amplaz vu Castor- oder Pollux-Motoren, méi grouss Algol-1D-Rakéitemotoren agesat, déi och op Scout-Rakéite waren. Am Géigesaz zum éischte Little-Joe-Programm gouf d'Startplaz op d'White Sands Missile Range verluecht, sou datt déi getest Landekapselen op festem Buedem hu misse landen.

Konfiguratioun Zuel vu Recruit-Rakéiten Zuel vu buedemgezünnten
Algol-1D-Rakéiten
Zuel vun am Fluch gezünnten
Algol-1D-Rakéiten
6-1-0 6 1 0
4-2-0 4 2 0
5-2-2 5 2 2
0-3-3 0 3 3

Startlëscht vun der Little Joe II[änneren | Quelltext änneren]

Missioun Konfiguratioun Start Dauer Crew Bemierkung
QTV 6-1-0 28. August 1963 ? s onbemannt suborbitale Testfluch vun der Little-Joe-II-Rakéit ouni eigentlech Notzlaascht
A-001 6-1-0 13. Mee 1964 ? s onbemannt suborbitale Fluch mat Apollo-Attrapp
A-002 4-2-0 8. Dezember 1964 ? s onbemannt suborbitale Fluch mat Apollo-Attrapp
A-003 0-3-3 19. Mee 1965 ? s onbemannt suborbitale Fluch mat Apollo-Attrapp
A-004 5-2-2 20. Januar 1966 ? s onbemannt suborbitale Fluch mat vollstännegem Apollo-Raumschëff

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Little Joe (rocket) – Biller, Videoen oder Audiodateien