Op den Inhalt sprangen

Live Music (Veräin)

Vu Wikipedia
Live Music
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 8. Mäerz 2026
Sëtz Lëtzebuerg
President Christian Ries
RCS F15585
Websäit https://livemusic.lu/

Live Music ass e lëtzebuergesche Veräin ouni Gewënnzweck, deen den 8. Mäerz 2026 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf an ënnert der Nr. F15585 am Registre de commerce et des sociétés ugemellt gouf a säi Sëtz um Zens huet.

D'Haaptzil vun der Associatioun ass et, d'Live Musek zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend ze fërderen an domadder déi musikalesch an artistesch Zeen ze beliewen.

Live Music organiséiert virun allem Concerten a Concertsserien, virun allem op klenge Bünen, a Caféen, Baren a Restauranten.

Live Music steet grenziwwerschreidend am Partenariat mat der Jazzinitiative Eifel e. V. betreffend d'Mobilitéit vu Museksformatiounen tëschent béid Regiounen.