Lizenz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Lizenz, ass eng Zort Erlabnes déi a verschiddene Beräicher gebraucht gëtt, an déi sengem Besëtzer oder Drëttpersounen déi dovu profitéiere kënnen, verschidden Aktivitéiten erlaben, oder Benotzerrechter ënner bestëmmte Konditiounen zougestinn.

  • Mat enger Geschäftslizenz kritt de Besëtzer vun der Lizenz, meeschtens géint Bezuele vun enger Tax, vum Staat d'Erlabnes fir eng gewësse Geschäftsaktivitéit ze bedreiwen, z. B. eng Wiertschaft.
  • Am Sport eng Zort Identitéitskaart déi vun enger Sportsfederatioun ausgestallt gëtt, an et dem Sportler erlaabt, fir bei offizielle Kompetitioune matzemaachen.
  • An der Industrie ass et d'Recht dat eng Firma vum Besëtzer vun engem Erfinderbrevet kritt, fir dee Brevet industriell z'exploitéieren, z. B. duerch Nobaue vu Maschinnen, oder vu Maschinnendeeler.
  • Am Internationalen Handel ginn d'Export- an Importlizenzen, déi vun engem Ministère oder enger zoustänneger Verwaltung ausgestallt ginn, dem Proprietär d'Recht verschidde Wuere deenen hiren Austausch reglementéiert ass, an engem Land anzeféieren, oder auszeféieren.
  • En Universitéitsgrad deen d'Héichschoulstudien an engem gewësse Fach unerkennt.