Op den Inhalt sprangen

Ljuksemburg (Kirgisistan)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ljuksemburg
Land Kirgisistan
Vewaltungseenheet Oblus Tschüi
Awunner 4559
  2009
Koordinaten 42° 53’ 24’’ N
      74° 49’ 48’’ O

Ljuksemburg ((ky) (ru) Люксембург) ass en Duerf dat vun 1925[1] bis 2024 am Rajon Ysyk-Ata am Oblus Tschüi am Kirgisistan als eegestänneg Uertschaft bestoung. Et war de Verwaltungszentrum vum Aulkrees (Ajyl Okrugu) Ljuksemburg. D'Autobunn Bischkek - Issyk-Kul ass derduerch gelaf. D'Duerf hat 4.559 Awunner am Joer 2009[2]. Ljuksemburg ass hautdesdaags un d'Stad Kant ugeschloss[3].

D'Geschicht vu Ljuksemburg huet am Joer 1925 ugefaangen, wéi d'Nokomme vun däitsche Mennoniten dohi geplënnert sinn. Vum Russesche Räich am 19. Joerhonnert si se fir d'éischt an den Oblus Talas gaangen, a méi spéit hu s'ugefaangen, sech an aneren Deeler vum Kirgisistan néierzeloossen.

No Donnéeën aus den fréien 1990er Joren hat d'Duerf ee Lycée, dräi Crèchen, e Gemeinschaftszentrum, eng Bibliothéik an e Grousshandel[4].

Op Basis vun engem Dekreet vum President vun der Kirgisescher Republik iwwer administrativ-territorial Reformen, gouf Ljuksemburg am Joer 2024 zesumme mam Nopeschduerf Kirgschelk bei d'Stad Kant geprafft[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Чуйская область/Чүй облусу. — Бишкек: Кыргыз энциклопедиясы, 1994. — 10 000 экз. — ISBN 5-89750-083-5.
  2. https://web.archive.org/web/20110810174007/http://212.42.101.100:8088/nacstat/sites/default/files/%D0%A7%D1%83%D0%B9%D1%81%D0%BA%D0%B0%D1%8F%20%D0%BE%D0%B1%D0%BB%D0%B0%D1%81%D1%82%D1%8C.pdf
  3. 3,0 3,1 https://cbd.minjust.gov.kg/5-10532/edition/2262/ru
  4. Чуйская область/Чүй облусу. — Бишкек: Кыргыз энциклопедиясы, 1994. — ISBN 5-89750-083-5.