Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Llanfair PG)
Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch
D'Gare vu Llanfairpwll
Land Vereenegt Kinnekräich
Vewaltungseenheet Gwynedd
Awunner 3.107
Héicht 38 m
Koordinaten 53° 13’ 22.8’’ N
      4° 12’ 0’’ W
Telefonszon 01248
Postcode LL61
Websäit http://www.llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch.co.uk/

Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch ass en Duerf op der Insel Anglesey an der Grofschaft mam selwechten Numm am Nordweste vu Wales.

Jorelaang hat déi kleng Uertschaft mat eppes méi wéi 1000 Awunner dee längsten Uertsnumm vun der Welt, bis eng aner Uertschaft dee Rekord den 19. Juli 2004 gebrach huet. Et ass dat Llanhyfryddawelllehynafolybarcudprindanfygythiadtrienusyrhafnauole [Source?].

Mat sou engem Numm, ass Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch zu der bekanntster Uertschaft a Wales ginn, wat natierlech vill Touristen ugezunn huet. Um Quai vun der restauréierter viktorianescher Gare steet dat laangt Schëld, virun deem sech Touristen opstelle fir op d'Foto ze kommen.

Meeschtens gëtt den Duerfnumm als Llanfair P. G., Llanfairpwll oder Llanfairpwllgwyngyll ernimmt. Den Numm kënnt aus der Walisescher Sprooch a bedeit: Mariekiirch an enger Kaul bei wäissen Hieselter no bei engem séieren Trëndel an der Géigend vun der Thysiliokiirch, déi net wäit ewech ass vun enger rouder Hiel.

Den Domainnumm vu Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch ass de längste vun der Welt.

Quaibilljee Gare Llanfairpw.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Websäit (englesch)
  • bbc.co.uk – BBC-Lexikonartikel iwwer Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch (englesch)