Lofoten

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Hafe vun Hamnøy

D'Lofote sinn eng Inselgrupp laanscht d'Nordküst vun Norwegen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Rheine op de Lofoten

D'Lofote leien eppes 100 bis 300 km nërdlech vum Polarkrees am Atlantik, a sinn duerch de Vestfjord vum Festland getrennt. D'Inselgrupp läit domat tëscht dem 67. und 68. Breetegrad. Déi wichtegst Insele sinn duerch Brécken oder Tunnelle matenee verbonnen.

Politesch gehéieren d'Lofoten zur Fylke (Provënz) Nordland. D'Haaptuertschaft ass Svolvær op Austvågøy. Zu de Lofote gehéieren d'Gemenge Vågan, Vestvågøy, Flakstad, Moskenes, Værøy a Røst.

D'Lofoten hunn zirka 27.000 Awunner, déi op enger Fläch vun 1.227 km² liewen. Nërdlech an ëstlech läit eng weider Inselgrupp, d'Vesterålen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vu Kabelvåg/Lofoten

Zanter zirka 6000 Jore wunne Mënschen op de Lofoten. Deemools hunn se vum Fëschfank a vun der Juegd gelieft. An der Wikingerzäit gouf et puer Siidlunge mat sougenannten Häuptlingshäff. Eng Nobildung ass zu Borg nees opgebaut ginn.

Am 14. Joerhonnert haten d'Händler vu Bergen de Fëschhandel an der Hand.

De Bierg Vågakallen (942 m) bei Kabelvåg/Lofoten

D'Landschaft war wärend Joerhonnerten wéineg bewuess, an et goufen net vill Beem, well d'Leit d'Bëscher ofgeholzt hunn, fir Haiser a Schëffer ze bauen. Haaptsächlesch d'Ostsäit vun den Inselen ass besidelt, well do de Wand an d'Welle sech net sou staark bemierkbar maachen - d'Bierger, déi op Plaze méi wéi 1.200 m héich sinn, hunn e Charakter wéi an den Alpen a schwächen den Afloss vum raue Wieder of.

Wirtschaft a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptakommes vun den Awunner ass nieft dem Tourismus de Fëschfank an déi domat verbonnen Industrie. De Fëschfank op de Lofoten, deen all Joer Honnerte vun klenge Booter mobiliséiert, gëtt tëscht Mëtt Januar a Mëtt Abrëll gemaach. De gefangenen Dorsch gëtt zu Klippfësch oder Stackfësch (Tørrfisk) verschafft an ass haaptsächlech fir den Export bestëmmt.

Färhafe vu Svolvær op de Lofoten

D'Europastrooss E10 fänkt zu Å i Lofoten un a verléisst no 170 km d'Lofoten zu Fiskebøl. Busverbindungen gëtt et op de Vesterålen, mat Uschloss un d'Bunn zu Bodø.

D'Schëffer vun den Hurtigruten halen op de Lofoten zu Stamsund an zu Svolvær. Vu Svolvær no Skutvik fiert eng Autofär.

Et gëtt dräi Fluchhäfen op de Lofoten, bei Svolvær, Leknes an op der Insel Røst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lofoten – Biller, Videoen oder Audiodateien