Loftmatrass

Vu Wikipedia
Eng Loftmatrass

Eng Loftmatrass ass eng Matrass aus elasteschem, loftdichte Material (zum Beispill PVC), déi een opblose kann. Dat Material bilt een oder e puer vunenee getrennt Huelraim. D'Loft gëtt duerch een oder e puer Ventillen an d'Loftmatrass eran- an erausgelooss. Si kann entweeder mat dem Mond opgeblosen oder mat engem Hëllefsmëttel, zum Beispill enger Loftpompel, opgepompelt ginn.

Eng Loftmatrass kann als Schwammhëllef am Waasser oder als Ënnerlag fir ze schlofe benotzt ginn.