Loftschicht

Vu Wikipedia
Owenddämmerung, Erwärmung an den héije Loftschichte begënschtegt d'Bildung vu Schichtwolleken, déi dat rout Liicht reflektéieren[1]

Eng Loftschicht ass en (haaptsächlech horizontal) ausgedeente Beräich vun der Äerdatmosphär, deen duerch d'Eegenschafte Fiichtegkeet, Aerosolgehalt an equivalentpotentiell Temperatur gekennzeechent ass. Bannenzeg enger Loftschicht kënnen ënnerschiddlech Wandvitessen optrieden.

Eenzel Loftschichte ginn a vertikaler Richtung dacks duerch Temperaturspréng (Inversiounen), Fiichtegkeetsspréng oder eng Verännerung vun der Schichtungsstabilitéit getrennt; an enger stabiler Loftschicht féiert en Temperaturënnerscheed vu manner wéi 1 °C pro 100 Meter. An enger labiler Loftschicht hëlt d'Temperatur dogéint ëm méi wéi 1 °C pro 100 Meter of.

Duerch Oflenkung vum Liicht un iwwereneeleienden, ënnerschiddleche waarme Loftschichten entsteet d'Phenomeen vun der Fata Morgana.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spektakuläre Sonnenuntergänge tauchen das Land in Rot Kleine Zeitung, gekuckt den 22. Dezember 2014.