Lorry-Rail

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lorry-Rail S.A.)
Schinnestroossen duerch Frankräich, (copyright Lorry-Rail S.A) *rout: realiséiert *blo: geplangt *gréng: an der Studiephas

Lorry-Rail S.A. ass eng lëtzebuergesch Gesellschaft mat internationale Partner, déi gegrënnt gouf, fir den Transport vu Semi-remorquen ouni Chauffer iwwer d'Schinne vu Beetebuerg op Le Boulou bei Perpignan, un der spuenescher Grenz z'organiséieren an duerchzeféieren, eng Streck vun 1.050 Kilometer, an zwar op der Basis vun engem deegleche Service.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Duerch dee Projet ass eng méi wéi 1000 km lang Bunnestrooss tëscht Beetebuerg a Perpignan geschaf ginn, déi fir d'Transporteuren an och fir d'Ëffentlechkeet eng Partie Avantagë bruecht huet.
  • Avantagen
    • Fir d'Transportgesellschaften:
      • Ofkierzung op 13,5 Stonne vun der Dauer vum Transport duerch Frankräich.
      • Aspuere vu Péage-Käschten, vu Bensinn oder Diesel, an och wat d'Ofnotzung vu Pneuen ugeet.
      • Aspuere vu Personalkäschten, an deem Mos wou d'Semi-Remorquen ouni Chauffer kënnen transportéiert ginn, an et den Transportgesellschafte fräigestallt bleift, mat enger Partnergesellschaft um Terminus Beetebuerg oder Perpignan hir Personalproblemer ze léisen.
    • Fir d'Allgemengheet:
      • Entlaaschtung vun de Stroossen.
      • Schoune vun der Ëmwelt duerch manner Ofgasen.

Partner[änneren | Quelltext änneren]

Lorry-Rail gouf vun engem Konsortium vu Partner gegrënnt, déi sech zesummefonnt hunn, fir hiren Know-How um Gebitt vun enger neier, moderner Transportformel anzesetzen. Déi Partner sinn:

  • Groupe mondial de concessions, construction: Vinci Concessions. Vinci ass et drëm gaangen, fir eng Alterativ zum Stroossentransport ze schafen.
  • D'Finanzgesellschaft: La Caisse des Dépôts, déi déi Initiativ ënnerstëtzt huet.
  • D'industriell Konzept-Firma: Modalohr (Grupp Lohr), déi eng Léisung fonnt huet, fir Semi-Remorquë séier op Waggonen ze lueden a s'iwwert d'Schinnennetz ze transportéieren.
  • D'franséisch Eisebunn: Société Nationale des Chemins de Fer Français (SNCF).
  • D'Lëtzebuerger Eisebunnsgesellschaft Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL), déi sech mat der SNCF zesummegedoen huet, fir iwwer eng gemeinsam Filial déi Alternativ mat den Endpunkte Beetebuerg a Perpignan an d'Wierklechkeet ëmzesetzen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Depart vum éischte Lorry-Rail-Zuch den 10.September 2007 zu Beetebuerg
  • 15. Juni 2004: Ënnerschreiwe vun engem Protocole d'accord tëscht der Caisse des Dépôts et Consignations (CDC), de Gesellschaften Autoroutes du Sud de la France (ASF) a Modalohr, deen eng Reflexioun iwwwer d'Ausféierung vun engem Wuerentransport-Projet mat Semi-Remorquen iwwer d'Schinnen tëscht dem Norden an dem Süde vu Frankräich ageleet huet
  • Abrëll 2005: D'Memberen hu sech engagéiert, fir dee Projet ze verdéiwen, soudatt e spéider zur Schafung vun enger Projetsgesellschaft féiere kënnt.
  • Hierscht 2005: D'SNCF (Société Nationale des Chemins de Fer Français) an d'CFL (Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois) hu sech den dräi virege Partner ugeschloss.
  • 12. Dezember 2005: Formalen Accord tëscht de Partner an der Lëtzebuerger a Franséischer Regierung mam Zil, den neie Service den 31. Mäerz 2007 ze starten.
  • 29. Mäerz 2006: Grënnung vun der Gesellschaft Lorry-Rail S.A. mat engem Gesellschaftskapital vu 5 Milliounen Euro an Ernennung vum Lëtzebuerger Nicolas Welsch zu hirem Generaldirekter.
  • 3. Abrëll 2006: D'Transportministere vu Frankräich a Lëtzebuerg ënnerschreiwen zesummen eng Deklaratioun, an där se hire Wëlle bekräftegen, fir zum Erfolleg vun dësem Projet bäizedroen.
  • 29. Mäerz 2007: Éischte Versuchs-Chargement a -Dechargement vu Camionen am Kader vum neie Projet.
  • 10. September 2007: Demarrage vum neie Service.
  • Dezenber 2007: Den tatsächleche Start, dee fir Mäerz 2007 geplangt war, gouf wéinst technesche Schwieregkeeten op Dezember 2007 verluecht.
  • Mäerz 2008: De Generaldirekter vun der Gesellschaft, den Nicolas Welsch, ass wéinst Meenungsverschiddenheete mam Aktionär Modalohr zeréckgetratt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]