Loui Express
Typ | Busreseau |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Dikrech |
Bedreiwer | Gemeng Dikrech |
Linnen | 2 |
Statiounen | 23 |
Websäit | |
![]() Reseau vum Loui Express | |
![]() |
De Loui Express ass e kommunale Citybus-Reseau an der Gemeng Dikrech, dee komplementar zum RGTR-Reseau funktionéiert. E besteet aus zwou Linnen déi wiertes (Méindeg bis Samschdeg) all zwanzeg Minutte fueren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Loui Express gouf den 1. Oktober 2020 vun der Gemeng Dikrech souwuel fir d'Awunner wéi och fir d'Visiteuren agefouert, mam Zil fir déi baussenzeg Quartiere vun der Stad besser mam Stadzentrum ze verbannen. De Reseau vum Dikrecher Citybus besteet aus zwou Linnen (Tuer 1, Tuer 2) déi vu méindes bis samschdes vum Terminus Op der Kluuster bei der Laurenzius-Kierch aus fortfueren. Et gëtt keng direkt Ubannung un d'Dikrecher Gare.
Den Numm vum Reseau geet op d'Maskottche vun Dikrech, en Iesel zeréck, deen och alt Loui oder Louis genannt gëtt.[1]
Reseau
[änneren | Quelltext änneren]De Reseau huet 23 Halten an déi zwou Linne gi mat Minibusse mat enger Kapazitéit vu 15 Persounen assuréiert. De Loui Express fiert wiertes all 20 Minutten, tëscht 9 Auer an 19 Auer.
De Service gëtt vun der Firma Voyages Schiltz assuréiert.
Linnen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Loui Express – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- City Bus & Co. – Mobilität vor der Haustür, Revue, nº 38 (17.09.2003), S. 18., (gekuckt den 8. Mee 2025)
- De Loui Express op der Säit vun der Gemeng Dikrech (gekuckt den 9. Mee 2025)