Op den Inhalt sprangen

Louis Alphonse Munchen

Vu Wikipedia
Louis Alphonse Munchen
Gebuertsnumm Mathias Titte Louis Alphonse Munchen
Gebuer 31. Januar 1819
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Mäerz 1881
Lëtzebuerg
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Offizéier
Famill
Bestuet mat Barbe Sophie Valerie Wolff
Papp Philippe Charles Munchen
Mamm Eleonore Well
Portrait vum Louis Alphonse Munchen, mat virdrun, sengem Ur-Enkel Charles Munchen am Joer 2025

De Mathias Tite Louis Alphonse Munchen, gebuer den 31. Januar 1819 an der Stad Lëtzebuerg[1] an och do gestuerwen de 7. Mäerz 1881[2] war e Lëtzebuerger Offizéier am Lëtzebuergesche Bundeskontingent. Hie war duerno Majouer-Kommandant vum Lëtzebuerger Jeeërbatailloun an e gouf fir säi grousst Engagement am Déngscht vu sengem Land a fir seng philanthropesch Missioune gewierdegt.

De Louis Alphonse Munchen gouf an enger Famill gebuer, déi enk Bezéiungen zum Haus Orange-Nassau hat an déi, besonnesch wärend der belscher Revolutioun vun 1830, ëmmer loyal hannert der Dynastie stoung. Säi Papp war de Philippe Charles Munchen (1779–1858), dee bis zu sengem Doud President vum Ieweschte Geriichtshaff an dem Kassatiounshaff war a seng Mamm war d'Maria Eleonora Well (1789–1862). De Louis Alphonse Munchen huet säi Lycée 1836 am Stater Kolléisch ofgeschloss.

De Louis Alphonse Munchen huet sech de 6. Abrëll 1845 mat der Barbe Sophie Wolff , der Duechter vum Éiereconseiller vun der Cour supérieure de justice Johann Wolff, bestuet. D'Barbe Sophie – gradewéi der Koppel hir eelst Duechter an de jéngste Bouf – sinn 1866 un der Cholera gestuerwen.

Militäresch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Kolléisch goung de Louis Alphonse an den hollännesche Militärdéngscht, wou en an der Feldartillerie ugefaangen huet.

De 17. Mee 1837 ass e bei d'Kavallerie gewiesselt (6. Husaren-Regiment). Wéinst sengem gudde Verhalen a senge speziell Fäegkeete gouf hien den 1. Juni 1838 Brigadier an e Joer drop, den 29. Juni 1839, Sergant (Maréchal des logis).

Déngscht am lëtzebuergesche Bundeskontingent

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1841 d'Lëtzebuerger Bundeskontingent gegrënnt gouf, gouf hien Ënnerleitnant am Jeeërbatailloun an 1845 Aide de camp vum Kommandant vum Bundeskontingent.

Wéinst der Opléisung vun der Kavallerie ass hien an d'Infanterie gewiesselt, wou en den 1. Mäerz 1847 1. Leitnant gouf. Hien huet no an no méi héich Graden erreecht:

  • 1. Mäerz 1849: Adjutant-Majouer vum Batailloun
  • 27. Dezember 1851: Zweete Kapitän
  • 22. Februar 1858: Kompaniechef
  • 30. Mee 1861: Éischte Kapitän

Nom Ofzuch vun der preisescher d'Garnisoun aus der Festung Lëtzebuerg an der Folleg vum Londoner Traité vun 1867, ass de Munchen 1868 zum Majouer-Kommandant vum nei gegrënnte Lëtzebuerger Jeeërbatailloun (Bataillon des chasseurs luxembourgeois) ernannt ginn.

Engagement an der Gesellschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Als Kommandant huet de Munchen seng Trupp nei strukturéiert an eng strikt Disziplin agefouert. Hien huet och eng Ausbildung fir zukünfteg Offizéier a Staatspersonal (z. B. Gendaarmen, Forstbeamten, Telegrafisten, …) opgebaut. Seng Beméiunge fir d'Verbesserung vum Wuel vun de Zaldote goufen allgemeng geschat.

Enn vum Batailloun

[änneren | Quelltext änneren]

1881 gouf d'Ofschafe vum Lëtzebuerger Jeeërbatailloun decidéiert.

Wärenddeem de Louis Alphonse Munchen am Gaang war déi administrativ Prozedure fir d'Opléise vum Batailloun op en Enn ze bréngen, ass hien de 7. Mäerz 1881 un engem Hiereschlag[3] an der Kasär um Hellege-Geescht gestuerwen.

Gielercher (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Louis Alphonse Munchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Acte de naissance N° 53. Actes de naissance - An 1819. Archives nationales (02.02.1819). Gekuckt de 24.04.2025.
  2. (de) Sterbeurkunde N° 79. Sterbeurkunden des Jahres 1881. Archives nationales (08.03.1881). Gekuckt de 24.04.2025.
  3. (de) Le major Alphonse-Louis MUNCHEN, commandant du bataillon des Chasseurs luxembourgeois, qui ne survécut pas à la dissolution de son unité. Hémecht (01.07.1981). Gekuckt de 25.04.2025.