Louis Bassing
Ausgesinn
Louis Bassing | |
---|---|
Gebuer |
12. Februar 1907 Veianen |
Gestuerwen |
25. Februar 1944 SS-Sonderlager Hinzert |
Aktivitéit | Resistenzler, Fonctionnaire |
Member vun | Letzeburger Vollekslegio'n |
De Louis Bassing, gebuer den 12. Februar 1907 zu Veianen, a gestuerwen de 25. Februar 1944 am SS-Sonderlager Hinzert, war e lëtzebuergesche Resistenzler a Gemengesekretär.[1]
De Louis Bassing war vum Mee 1941 u Member vun der LVL.[1]
Hie gouf de 14. Dezember 1943 verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht wou hien de 25. Februar 1944 erschoss gouf.[1]
Hie gouf posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 ausgezeechent.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 [De Louis Bassing am Luxemburger Lexikon S. 35]
- ↑ Memorial A N°27 mat der Lëscht vun de Leit déi mat der Croix de l'ordre de la résistance 1940-1944 ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 03.09.2014. Gekuckt de(n) 10.03.2013.