Op den Inhalt sprangen

Louis Boyer (Astronom)

Vu Wikipedia
Louis Boyer
Gebuer 20. Januar 1901
Paräis
Gestuerwen 1999
Alter 97 / 98 Joer
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun
Auszeechnungen Lalande-Präis
40 Asteroiden, déi de Boyer entdeckt huet
(1177) Gonnessiat24. November 1930
(1211) Bressole2. Dezember 1931
(1212) Francette3. Dezember 1931
(1295) Deflotte25. November 1933
(1296) Andrée25. November 1933
(1301) Yvonne7. Mäerz 1934
(1338) Duponta4. Dezember 1934
(1339) Désagneauxa4. Dezember 1934
(1340) Yvette27. Dezember 1934
(1343) Nicole29. Mäerz 1935
(1344) Caubeta1. Abrëll 1935
(1364) Safara18. November 1935
(1377) Roberbauxa14. Februar 1936
(1380) Volodia16. Mäerz 1936
(1392) Pierre16. Mäerz 1936
(1400) Tirela17. November 1936
(1412) Lagrula19. Januar 1937
(1413) Roucarie12. Februar 1937
(1414) Jérôme12. Februar 1937
(1415) Malautra4. Mäerz 1937
(1416) Renauxa4. Mäerz 1937
(1511) Daléra22. Mäerz 1939
(1574) Meyer22. Mäerz 1949
(1577) Reiss19. Januar 1949
(1594) Danjon23. November 1949
(1597) Laugier7. Mäerz 1949
(1598) Paloque11. Februar 1950
1599) Giomus17. November 1950
(1601) Patry18. Mee 1942
(1606) Jekhovsky14. September 1950
(1616) Filipoff15. Mäerz 1950
(1617) Alschmitt20. Mäerz 1952
(1629) Pecker28. Februar 1952
(1630) Milet28. Februar 1952
(1649) Fabre27. Februar 1951
(1713) Bancilhon27. September 1951
(1714) Sy25. Juli 1951
(1851) Lacroute9. November 1950
(2021) Poincaré26. Juni 1936
(4422) Jarre17. Oktober 1942

De Louis Boyer, gebuer den 20. Januar 1901, a gestuerwen 1999, war e franséischen Astronom.

Vum 1. Oktober 1926 un war hie Stagiaire um Observatoire vun Alger, wou hien den 1. November 1928 aide-astronome genannt gouf. Am Joer 1959 gouf hien do dunn och astronome-adjoint.

Zu Alger huet hien am Ganze 40 Asteroiden entdeckt.

De Louis Boyer gouf 1952, Member vun der IAU. Hie war do am Organisatiounscommité vun der Kommissioun 20 vun der IAU deen den Numm Positions et Mouvements des Petites Planètes, des Comètes et des Satellites hat.

Duerch d'Krichssituatioun an Algerie gouf hien 1962 op den Observatoire de la Côte d'Azur zu Nice versat.

Mat him koumen d'Astronome Guy Reiss a Bernard Millet op Nice, an och en ettlech Techniker vum Observatoire vun Alger.

Vun 1962 un, bis zu senger Pensioun huet de Boyer sech haaptsächlech mam Nidderschreiwe vun den Observatioune beschäftegt, déi hien zu Alger gemaach hat. Hei konnt hien dunn och de klenge Planéiten, déi hien entdeckt hat, nodeem aner Astronome s'och gesinn haten, schliisslech en Numm ginn.

Zu Éiere vum deemolegen Direkter zu Nice, de Jean-Claude Pecker, huet hien de (1629) Pecker no him genannt.

Als Unerkennung fir seng Leeschtunge gouf no him en Asteroid, den (1215) Boyer genannt.