Louis Pasteur
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Louis Pasteur | |
---|---|
Gebuer |
27. Dezember 1822 Dole |
Gestuerwen |
28. September 1895 Marnes-la-Coquette |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École normale supérieure, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Chimist, Universitéitsprofesser, Biochimist, Agronom, Naturalist, Biolog, Lithograph, Kënschtler, Botaniker |
Member vun | Royal Society, Académie française, Accademia Nazionale dei Lincei, American Philosophical Society, National Academy of Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie nationale de médecine, Académie royale de médecine de Belgique |
Famill | |
Bestuet mat | Marie Pasteur |
De Louis Pasteur, gebuer de 27. Dezember 1822 zu Dole a Frankräich, a gestuerwen den 28. September 1895 zu Marnes-la-Coquette, war e franséische Wëssenschaftler.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Louis Pasteur ass zu Paräis an d'Schoul gaangen an huet do och Physik studéiert. Am Joer 1846 huet hie seng Prüfung an der Physik bestanen. No senger Promotioun ass hien op Dijon, duerno op Stroossbuerg gaangen.
1863 gouf hie Professer fir Naturwëssenschaften zu Paräis an 1867 krut hien eng Plaz als Chimiesprofesser op der Sorbonne.
Hien huet 1888 zu Paräis d'Pasteur-Institut gegrënnt.
Seng Aarbechten
[änneren | Quelltext änneren]A fréieren Aarbechte konnt hie beweisen, datt de Wäin duerch Bakteerie sauer gëtt an datt et änlech bei der Mëllech wier. Fir datt d'Mëllech méi laang soll gutt bleiwen, huet hien e Procedé entwéckelt, bei dem d'Mëllech ënner Drock op héich Temperaturen erhëtzt gëtt. Dëse Procedé gëtt haut och nach benotzt, et ass déi sougenannt Pasteuriséierung.
De Pasteur huet ausserdeem erkannt, datt verschidde Krankheeten duerch Organismen ausgeléist ginn, déi de Kierper vu baussen ugräifen an e konnt beweisen, datt Mëlzbrand duerch Bakteerien ausgeléist gëtt.
De Pasteur huet d'Impfung géint Tollwut entwéckelt. De 6. Juli 1885 ass a sengem Laboratoire an der rue d'Ulm zu Paräis den 9 Joer alen Elsässer Joseph Meister (1876-1940), dee vun engem rosenen Hond uerg gebass gi war, mat Erfolleg géint d'Tollwut geimpft ginn.[1]
Lëtzebuerg an de Louis Pasteur
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg ass am Laf vun de Jore bei ënnerschiddleche Geleeënheeten un de Pasteur geduecht ginn:[2]
- De 17. Oktober 1886 huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg e Subsid vun 1000 Frang fir d'Suskriptioun fir de geplangten "Institut Pasteur" zu Paräis gestëmmt.[2]
- De 16. Dezember 1922 huet d'Société des naturalistes luxembourgeois den 100. Gebuertsdag vum Pasteur an enger akadeemescher Sëtzung am Atheneum gefeiert.
- Den 22. an 23. Abrëll 1923 hunn d'Journées de Pasteur an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt.
- 1952 war an der Stad d'Ausstellung La Vie et l'Oeuvre de Pasteur ze gesinn.
- 1995 konnt een d'Ausstellung Vie et oeuvre de Louis Pasteur am Centre universitaire um Lampertsbierg kucke goen.
Et gëtt och eng Rei Stroossen, déi säin Numm droen:[2]
- Avenue Pasteur (Stad Lëtzebuerg),[3]
- Rue Pasteur (Diddeleng, Esch-Uelzecht),
- Rue Louis Pasteur (Déifferdeng, Beetebuerg, Stroossen).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Louis Pasteur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Massard, Jos. A. (1985): Zum hundertsten Jahrestag der ersten Tollwutimpfung. Tageblatt 1985, Nr. 154 (6. Jul.): 8; Nr. 159 (13. Jul.): 9. PDF 360 Ko
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Le Luxembourg et Pasteur: Notes de l'exposé fait par Jos. Massard lors de l'inauguration de l'exposition Vie et oeuvre de Louis Pasteur, au Centre universitaire de Luxembourg, le 6 mars 1995. [1]
- ↑ Kuckt och: H. Beck: Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad 34/1990, S. 26. [2]