Louis Rech

Vu Wikipedia
Louis Rech
Gebuer 7. Dezember 1926
Gestuerwen 6. Januar 2012
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

De Louis Rech, gebuer de 7. Dezember 1926 zu Faller an der Gemeng Sovramonte (Regioun Venetien) an Italien a gestuerwen de 6. Januar 2012[1], war e Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).

Hie koum mat engem Joer mat sengen Elteren op Diddeleng, wou säi Papp op der Schmelz geschafft huet, an ass do am Quartier Italien opgewuess.[2]

1958 krut hien duerch Naturalisatioun d'Lëtzebuerger Nationalitéit.[3]

De Louis Rech war President der Diddelenger OGBL-Sektioun a Vizepresident am nationale Comité vun där Gewerkschaft. Als Member vun der LSAP war hie vun 1973 un eng 20 Joer am Diddelenger Schäfferot an do vun 1985 bis 1993 Buergermeeschter.[4]

De Rech ass dem Museker John Rech säi Grousspapp. Säi Jong Romy Rech ass och Member vum Diddelenger Gemengerot.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "De fréieren Diddelenger Buergermeeschter Louis Rech ass dout." RTL.lu - 07.01.2012, 16:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.01.2012, 18:11
  2. Kollwelter, Serge: "M. Louis Rech: 1er bourgmestre italien." Forum Nr 82, Oktober 1985, S. 12-13.
  3. legilux Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2012-01-07.
  4. 4,0 4,1 Louis Rech verstorben Tageblatt, 8. Januar 2012.