Louis de Froment

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Louis de Froment
Gebuertsnumm Louis Georges François de Froment
Gebuer 5. Dezember 1921
Toulouse
Gestuerwen 19. August 1994
Cannes
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dirigent

De Louis de Froment, gebuer de 5. Dezember 1921 zu Toulouse a gestuerwen den 19. August 1994 zu Cannes a Frankräich, war e franséische Museker an Dirigent.

Hien huet säi musikalesche Studium um Conservatoire zu Toulouse ugefaangen an huet dunn um CNSM zu Paräis beim Louis Fourestier, Eugène Bigot an André Cluytens weiderstudéiert, wou en 1948 en éischte Präis fir d'Direktioun vun engem Orchester kritt huet. Hie war musikaleschen Direkter vun de Casinoe vu Cannes, Deauville a Vichy. Duerno gouf hie permanenten Dirigent vum Chambersorchester vum Nicer Radio.

Besonnesch bekannt gouf hien als Dirigent vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, dem Virleefer vum haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg. An dëser Funktioun war hien den Nofollger vum Carl Melles an de Virgänger vum Leopold Hager.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]