Louis de Frommen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Louis le Pieux)
Louis de Frommen
Gebuer 16. Abrëll 778 jul.
Chasseneuil-du-Poitou
Gestuerwen 20. Juni 840 jul.
Ingelheim am Rhein
Nationalitéit Karolengerräich
Aktivitéit Monarch
Famill
Bestuet mat Irmingard, Judith vu Bayern
Papp Karel de Groussen
Mamm Hildegard
Geschwëster Karel de Jonken, Pippin, Pippin de Bocklegen, Drogo vu Metz, Hugues, Lothaire, Théodoric, Rotrude, Theodrada, Bertha, Gisela, Hildegard, Chrotais, Hiltrud, Rothilde
Kanner Lothaire I., Ludwig den Däitschen, Gisela, Charles de Plakkapp, Arnulf vu Sens, Rotrude, Berthaid, Hildegard, Pippin I.

De Louis I., genannt de Frommen (fr.: le Pieux oder le Débonnaire), gebuer 778 zu Chasseneuil-du-Poitou a gestuerwen den 20. Juni 840 op enger Rhäininsel zu Ingelsheim bei Mainz, war Kinnek vun der Aquitaine (781-814) a Keeser vum Westräich (814-840).

De Louis war de Jong vum Karel de Groussen an der Hildegard vu Vintzgau. Wéi hien dee leschten nach liewege Jong vum Karel dem Grousse war, krut hien den 11. September 813 zu Oochen vu sengem Papp den Titel "Keeser vum Westen" iwwerdroen.

De Karel de Groussen a säi Jong Louis

816 gouf de Louis vum Poopst Étienne IV. zu Reims gesalleft.

De Louis war zweemol bestuet: Mat der Irmgard vun Hesbaye mat där en 3 Jongen hat: de Lothaire, de Ludwig an de Pippin, duerno, nom Doud vun der Irmgard, mat der Judith vu Bayern, aus der Famill vun de Welfen, mat där en ee Jong, de Charel, hat.

Dat huet zu groussem Gestreits ëm seng (spéider) Ierfschaft gefouert: Virun engem zweete Bestietnes war d'Situatioun sou wäit kloer: De Lothaire sollt d'Westräich kréien, de Ludwig Bayern an de Pippin d'Aquitaine. Dat hat de Louis de Frommen am Juli 817 an engem Dokument dat Ordinatio Imperii genannt gouf, festgeluecht. Mä wéi dann 823 – nodeem d'Irmgard gestuerwe war, an de Louis sech mat der Judith bestuet hat – de Charel (spéider "de Plakkapp" genannt) gebuer gouf, war déi Opdeelung a Fro gestallt. 829 huet de Louis säin Testament geännert, fir datt de Charel och en Deel sollt kréien. Dat huet deem senge Stéifbridder guer net an de Krom gepasst: se hu sech 830 géint hire Papp revoltéiert an d'Judith gouf an e Klouschter gespaart. Als Folleg dovu gouf d'Opdeelung nach eng Kéier revidéiert: De Keesertitel hat keen Nofollger, dofir krut jiddweree vun de Jongen en onofhängegt Kinnekräich. Mä dat war es net genuch: Am Juni 833 hunn d'Bridder sech nach eng Kéier rebelléiert, an de Louis, seng Fra Judith an de klenge Charel goufen agespaart. Mä 835 haten d'Bridder Sträit ënnereneen, an de Louis huet säi Keesertitel erëmkritt. Zwee Joer duerno hat hien e grousst Kinnekräich fir säi jéngste Jong Charel geschaaft, ganz zum Mëssfale vun deenen aneren Dräi. Nom Louis sengem Doud, 840, hunn d'Bridder sech nees bekricht, an 843, beim Traité vu Verdun, gouf d'Räich da fir Zerguttst opgedeelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis de Frommen – Biller, Videoen oder Audiodateien